BeYouthSphere
Austausch tëscht Jonker, am Alter vun 8 bis 19 Joer,
deen tëscht enger Woch an engem Trimester kann daueren
D'”BeYouthSphere“-LéierLabs kënnen tëscht enger Woch an engem Trimester daueren, ofhängeg vun hirem Format. E Forum tëscht verschiddene Klasse kann, zum Beispill, iwwer eng Woch stattfannen, iwwerdeems en Austausch tëscht zwou Klassen esouguer e ganzt Trimester dauere kann.
D’Zil vun dësen Austausch ass d’Erfuersche vun enger virdefinéierter Plaz (zum Beispill en Naturschutzgebitt oder d’Ëmgéigend vun enger Schoul) a Begleedung vun Experten. D’Kanner a Jugendlecher kréien d’Méiglechkeet sech iwwer dat wat se geléiert hunn auszetauschen, iwwer d’Problemer ze diskutéieren an no konkrete Léisungen ze sichen. Duerno kënnen dës Léisunge kommunizéiert an/oder ëmgesat gi fir d’Ëmwelt ze verbesseren oder déi identifizéiert Problemer ze léisen.
Duerch den internationalen an nationale Reseau vun UNESCO-Schoulen an UNESCO-Biosphärereservater, ginn dës Echangen erliichtert an hëllefe méiglech Zesummenaarbechten a Léierméiglechkeeten tëscht verschiddene Schoulcommunautéiten ze schafen oder auszebauen.
Fréier BeYouthSphere-Forumen: