Belval Sauvage
Mat der Optioun Urbanismus vum Lycée Josy Barthel Mamer setzen d’Schüler sech mam neie Quartier Belval Sud auserneen. Wéi kann een eng Balance tëschent der Natur an dem urbane Raum fannen? Wat brauch een an engem neie Quartier? Zesumme mat der Geografin Lise Landrin hunn se een Dag um Site verbruecht an hunn mat verschiddenen Technike vum der “géographie sensible” de Raum kenne geléiert an um Terrain selwer Reflexiounen zu hiren Iddien entwéckelt.
Hei fannt dir en Abléck an d’Iddien, déi sech d’Schüler gemaach hunn.
KONSORTIUM: