🏞 Unesco Geodiversity Day 2025 - Entdeckt eis geologesch Villfalt đŸš¶ MINETT TRAIL - 90 km fir eist BiosphĂ€rereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow LéierLabs fir Kanner a Jugendlecher
quote quote

D’MiNELL-Approche

Innovativ Workshoppe fir d’Eegeninitiativ vu Kanner a

Jugendlechen am BerĂ€ich vum Ëmweltschutz ze fĂ«rderen

 

 

De MiNELL-Projet proposĂ©iert eng interaktiv an interdisziplinĂ€r pĂ€dagogesch Approche, dĂ©i d’aktiv Participatioun vu Kanner a Jugendlecher fĂ«rdert, duerch Zesummenaarbecht mat Experten aus verschiddene BerĂ€icher, wĂ©i Natur-, GeeschteswĂ«ssenschaften oder aus  dem BerĂ€ich vu Konscht a Kultur.

 

Interaktiv pedagogesch Outilen

 

 

 

An eisen Ateliere ginn innovativ Outile genotzt, wĂ©i Citizen Science a Konschttechniken (Risografie, Serigrafie,…) a Spiller fir de Kanner a Jugendlechen eng interaktiv Erfarung z’ermĂ©iglechen.

Dobausse léieren

 

 

 

Eis AktivitĂ©ite gi prinzipiell dobaussen organisĂ©iert, an engem lĂ€ndlechen oder urbane Kontext, fir et de Kanner a Jugendlechen z’ermĂ©iglechen hir Ëmwelt op eng immersiv ManĂ©ier z’entdecken an ze verstoen.

Participatioun an demokratesch Prozesser

 

 

Eis Atelieren Ă«nnerstĂ«tzen d’Kanner an dĂ©i Jugendlech gemeinsam Decisiounen ze huelen a sech a konkret Naturschutzmoossnamen anzebrĂ©ngen, fir esou hire kritesche Geescht an hiert demokratescht Engagement ze fĂ«rderen.

 

Déi verschidden Léier-Etappen

 

Léieren

 

 

Interaktiv AktivitĂ©iten dobaussen, fir Ëmweltprobleemer z’erkennen.

Handelen

 

 

Erstellen an Ă«msetze vu konkrete LĂ©isunge fir eis Ëmwelt.

Deelen

 

 

Kommunikatioun vun der Resultater duerch kreativ Methoden, déi kënschtleresch oder gemeinsam ëmgesat ginn.

 

D’Avantage vum MiNELL-Konzept

 

Koordinatioun duerch de MiNELL

 

Eng zentralisĂ©iert Koordinatioun duerch de MiNELL vereinfacht d’Planung an d’Gestioun. Dir gitt de ganze Prozess iwwer begleet, sidd awer SchlĂ«sselacteuren vum „LĂ©ierLab“, a kĂ«nnt Är  professionell Expertis an Äert WĂ«sse mat abrĂ©ngen.

 

 

Transversaalt Léieren duerch variéiert Experten an Outilen

 

Eis interdisziplinĂ€r Approche erlaabt et just Kompetenzen an den ËmweltwĂ«ssenschaften z’erschaffen, mĂ€ Ă«nnerstĂ«tzt och d’EntwĂ©cklung vu soziale Kompetenzen (duerch Gruppenaarbechten a konkret Aktiounen), schaaft e Bewosstsi fir eis natierlech Ëmwelt a fĂ«rdert demokratescht Engagement a kritesche Geescht. Esou ginn d’Kanner an dĂ©i Jugendlech preparĂ©iert fir verantwortungsbewosst an engagĂ©iert Acteure vun eiser Gesellschaft ze ginn.

Einfachen AccĂšs duerch de PRO-SUD

 

De Gemengesyndikat PRO-SUD besteet aus 11 Gemengen, dĂ©i sech fir eng nohalteg EntwĂ©cklung vun hirer Regioun asetzen. DĂ«sen zolitte regionale Reseau ermĂ©iglecht en einfachen Zougang zu ville LĂ©iersitten an eng konkret Ëmsetzung vu Projeten op lokalem Plang.

 

 

Ëmsetze vun Ëmweltschutzprojeten

 

Konkret Ëmweltschutzprojete kĂ«nnen Ă«mgesat ginn, dĂ©i net just hĂ«llefen eis BiodiversitĂ©it z’erhalen, mĂ€ och de Participanten hiert Vertrauen an hir KapazitĂ©iten eegen Aktioune kĂ«nnen ze realisĂ©iere stĂ€erken. DĂ«st geschitt an der Hoffnung, datt se duerno aner Kanner a Jugendlecher inspirĂ©ieren dat selwecht ze maachen.

 

Är Roll als Enseignant oder Educateur

 

Iwwert de MiNELL gĂ«tt d’Organisatioun an d’AusfĂ©ierung vun all “LĂ©ierLab” koordinĂ©iert. De Projet bitt eng wĂ«ssenschaftlech ËnnerstĂ«tzung an eng methodologesch ErgĂ€nzung zu de pedagogesche Programmer. Är aktiv Participatioun ass allerdĂ©ngs entscheedend: Är Expertise, Är Connaissance vum Grupp, an Är FĂ€egkeet eng Verbindung zu pedagogesche LĂ©ierinhalter ze knĂ€ppe si SchlĂ«sselfacteure fir de SuccĂšs vun all eenzelem Projet.

 

Fir Atelieren, dĂ©i sech iwwert e puer Sessiounen erstrecken, gĂ«tt eng initial Planningsreunioun organisĂ©iert, dĂ©i hĂ«lleft Är Besoinen ze definĂ©ieren an d’AarbechtsĂ«mfeld vun de Kanner oder Jugendlechen festzeleeĂ«n. ReegelmĂ©issegen Echange an eng kontinuĂ©ierlech Zesummenaarbecht sinn essentiel fir optimal Resultater ze garantĂ©ieren an dĂ©i pedagogesch Ziler z’erreechen.

 

 

DĂ©i verschidden Natur an Ëmwelt LĂ©ierLabs

 

Am Kader vum MiNELL gi verschidden Zorte vun Ateliere fir Participante bis 19 Joer proposéiert. Dës Atelier ënnerscheeden sech duerch hir LÀngt a befaassen sech entweder mat enger Thematik oder eng bestëmmter Plaz. 

 

DĂ©i punktuell Ateliere “Nature Explorer” riichten sech u Kanner a Jugendlecher tĂ«scht 6 an 19 Joer an daueren tĂ«scht zwou a vĂ©ier Stonnen.

 

Déi aner MiNELL-Ateliere kënnen tëscht enger Woch an zwee Schouljoren daueren a kënne flexibel op spezifesch Besoinen oder Plazen ugepasst ginn. Dës Ateliere si fir Kanner a Jugendlecher tëscht 8 an 19 Joer geduecht.

 

Nature Explorer

 

 

Klickt hei fir den Detail

CreaFuture

 

 

Klickt hei fir den Detail

BeYouthSphere

 

 

Klickt hei fir den Detail

Aire Terrestre Educative

 

 

Klickt hei fir den Detail