Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow GRENGT HEIZEN
quote quote

Konkret Beispill

Huele mir als Beispill en Devis vu 35.000 € (ouni TVA) fir de Wiessel vun enger Gasheizung, déi méi al wéi 10 Joer ass, an déi komplett Installatioun vun engem System vun enger Wärmepompel mat enger Leeschtung vun 20 kWth, esou wéi och d’Upassung vun de Heizkierper an engem renovéierten Haus. 

 

•    De Klimabonus-Programm bitt dräi Zorte vu kumulative Subsiden (B1 + B2 + B3):

 

•    De Basissubsid (B1): 50 % der tatsächliche Käschten, baséierend op der Leeschtung der Wärmepompel 

 

       →       Fir Systemer ënner 10 kWth kann de Basissubsid (B1) bis zu 5.000 € héich sinn.

       →       Fir Systemer iwwer 10 kWth gëtt de Basissubsid (B1) mat 500 € × d’Leeschtung vun der Wärmepompel berechent, mat engem Maximum vun 12.000 €.

 

•    Austauschbonus (B2): Wann Dir e System op Basis vu fossille Brennstoffer (Gas, Masutt) oder en elektreschen Heizungssystem, dee méi al wéi 10 Joer ass, ersetzt. Fir eligibel ze sinn, musst Dir e „HeizungsCheck“ vun engem zougeloossenen Installateur maache loossen (fir méi Detailer [hei klicken])

 

       →       50 % vum Basissubsid B1

       →       Wann Dir e Kessel vun enger Masuttsheizung ersetzt, ginn och  50% vun de Käschte fir de Kessel auszebauen (bis zu 2.000 €) subventionéiert.

 

•    Upassung vun den Heizkierper an den Heizungsréier (B3): Wann Dir Är Heizkierper oder Heizungsréier upassen musst:

 

       →       50 % vun dëse Käschten, bis zu 2.000 €

 

An eisem Beispill kéinte mir also Subventioune vun 10.000 € (B1) + 5.000 € (B2) kréien. Wann d’Käschte fir d’Upassung vun de Heizkierper am Devis op 3.000 € chiffréiert ginn, wier eng zousätzlech Subventioun vun 1.500 € (B3) méiglech, wat den total vun de Klimabonus-Subventiounen (B1 + B2 + B3) op 16.500 € brénge géif. 

 

Den Topup social (C) ass en zousätzlech Subsid, dee vum Netto-Joresakommes an der Zesummesetzung vum Haushalt ofhängeg ass. Mat dësen zwou Informatioune kënnt Dir Ären Topup social (C) mat Hëllef vum Diagramm hei drënner schätzen. Notéiert w.e.g. datt dës Wäerter eng Indikatioun ginn a mat enger Indexéierung ännere kënnen. 

 

 

An eisem Beispill huet e Stot, eng Koppel mat 2 Kanner, mat engem Netto-Joresakommes vun ongeféier 66.000 € (oder ~5.500 €/Mount). Mir benotzen déi blo Linn am Diagramm fir den Topup social (C)-Subsid ze bestëmmen. Fir méi Detailer iwwer d’Berechnung vun Ärem Joresakommes, kuckt op der Säit 10 (Art. 11) vum verlinkten Dokument [hei klicken]. An dësem spezielle Fall, illustréiert duerch déi rout-gestréchelt Linn, entsprécht den Topup social-Subsid 80 % vun (B1 + B2 + B3), also 80 % vu 16.500 €, d.h. 13.200 € (C). 

 

Är Gemeng proposéiert och Subsiden (D). D’Subsiden, déi vun de Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere kënnen accordéiert ginn, fannt dir am Tableau hei drënner:

Huele mer d’Beispill vun engem 25 %-Subsid (vun B1 + B2 + B3). Dat ergëtt eng zousätzlech finanziell Hëllef vun 4.125 € (D).

 

Schlussendlech kënnt Dir, ofhängeg vun Ärem Installateur, vun enger Hëllef duerch Äre Fournisseur (E) profitéieren, déi op Ufro berechent gëtt.

 

An eisem Beispill gi mir vun engem Wäert vun 1.500 € aus.

 

Am Ganze kéint eise fiktive Stot Subside vu 35.325 € kréien (dovunner 16.500 € aus B1 + B2 + B3; 13.200 € aus C; 4.125 € aus D a 1.500 € E aus E).

 

Dat heescht, datt déi initial Investitioun vu 35.000 € duerch d’Kumuléiere vun de Subventioune komplett gedeckt kéint ginn, wat et eisem Beispillsstot erlaabt vun enger käschtenneutraler an ëmweltfrëndlecher Léisung ze profitéieren, gläichzäiteg de Wäert vu sengem Haus ze steigeren an zu enger nohalteger Zukunft bäizedroen. 

 

Mat Bléck op déi sëlleg aktuell disponibel finanziell Hëllefen ass d’Investitioun an eng Wärmepompel fir Äert Doheem eng eenzegaarteg Geleeënheet. Jidderee kann zu enger nohalteger an ëmweltverantwortlecher Gesellschaft bäidroen, an iwwerdeems de Wäert vu senger Immobilie erhéijen an seng Energiekäschte kontrolléiert. 

 

Dir fannt dës Subsiden och am „Fördersimulator“ vun der Klima-Agence [hei klicken], deen et Iech erlaabt déi disponibel finanziell Ënnerstëtzung fir Är Projeten ze berechnen. 

 

Sidd Dir prett, Iech op méi gréng Energie ëmzestellen? Deelt Är Froen an Erfarunge mat eis op eise soziale Medien!