Informatiounsstänn
Wéi och am leschte Joer ginn nees eng Rei vun Administratiounen a Veräiner en Abléck an hir Aarbecht a weisen interessant an nëtzlech Aspekter dovunner.
Hei sinn e puer vun den Informatiounsstänn, déi den 18. Mee am Ellergronn ze fanne sinn.
Den Office Régional de Tourisme, Visit Minett, presentéiert de ganzen Dag iwwer déi touristesch Highlights vum Süde vu Lëtzebuerg, deen een op kee Fall verpassen däerf.
D’Fédération Saint-Hubert des Chasseurs du Grand-Duché de Luxembourg informéiert op hirem Stand iwwer déi wëll Déieren zu Lëtzebuerg, hir Liewensraim an hiert Liewen.