ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

GRENGT HEIZEN

Wärmepompelen fir jiddereen

 

Eis Minett Biosphere, e vun der UNESCO unerkanntent Biosphärereservat, setzt sech aktiv fir eng nohalteg Entwécklung vun der Regioun an a ënnerstëtz an engems hiert eenzegaartegt natierlecht an industriellt Ierwen. An deem Zesummenhang sinn d’Stäerkung vun der Energieversuergungssécherheet vun eiser Regioun an d’Diminutioun vun der Ofhängegkeet vu fossillen Energiedréier prioritär Ziler, fir virun allem e Bäitrag ze leeschten eis Gesellschaft ze dekarboniséieren.

 

Fir d’Dekarboniséierung vum Energiesecteur huet d’Regierung eng Rei Subventiounsprogrammer initiéiert, déi d’Bierger bei der Finanzéierung vun hire Projeten ënnerstëtze sollen. Am Beräich vum Heize vu Wunnengen ass d’Introduktioun vun Technologien, déi just e klengen CO2-Foussofdrock hunn, wéi z.B. Wärmepompelen, eng konkret Léisung, déi all Bierger realiséiere kann. Iwwerdeems d’Subventioune fir fossil Energiedréier (Gas a Pëtrol) schrëttweis reduzéiert ginn an d’CO2-Steier an den nächste Jore viru klamme wäert, gi gréng Technologien (wéi Wärmepompelen, Photovoltaikanlagen asw.) ëmmer méi staark ënnerstëtzt. Duerch déi massiv Ënnerstëtzung vum Stat an de Gemenge kënne fir dës Projeten haut bis zu 100 % vun de Käschte finanzéiert ginn, wat eng eemoleg Geleeënheet fir d’Bierger ass.

 

Op dëser Säit ginn d’Virdeeler vun enger Wärmepompel beliicht an déi (zum Zäitpunkt vun der Publikatioun) disponibel Ënnerstëtzunge fir Proprietäre vun existenten Eefamilljenhaiser resuméiert.

 

🇵🇹 Clique aqui para descarregar a versão portuguesa deste conteúdo.