D’UNESCO zu Lëtzebuerg
D’LËTZEBUERGER UNESCO-KOMMISSION
D’Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun ass eng autonom Berodungskommissioun, déi zanter 2001 un de Kulturministère rattachéiert ass. Hir Missioun ass et d’Ziler, d‘Programmer an d‘Aktioune vun der UNESCO zu Lëtzebuerg ze promouvéieren. Hir Membere vertriede Regierungsinstanzen, ëffentlech a privat Institutiounen, Universitéiten a Schoulen, souwéi Net-Regierungsorganisatiounen an UNESCO Projeten an de Beräicher Kultur, Wëssenschaft, Educatioun a Kommunikatioun. Déi aktuell Kommissioun gouf duerch e Règlement Grand-Ducal vum 12. Dezember 2014 gegrënnt.
DÉI PERMANENT REPRESENTATIOUN
Am Summer 2022 gouf eng permanent Representatioun vum Grand-Duché bei der OECD an der UNESCO gegrënnt. Si ass exklusiv zoustänneg fir d‘Relatioune mat dësen zwou Organisatiounen, déi all béid zu zu Paräis hire Sëtz hunn, an deenen hiert Mandat besonnesch wichteg ass an enger ëmmer méi komplexer Welt mat globalen Erausfuerderungen, ewéi d’Entwécklung vun der Wirtschaft, Educatioun, Klimawandel an Attacken op Kultur. All dës global Erausfuerderunge kënnen nëmmen a multilaterale Fore geléist ginn.
De 17. Dezember 1994 goufen d’Alstad an d’Befestegunge vun der Stad Lëtzebuerg vun der UNESCO als Weltkulturierwen unerkannt. D’Lëtzebuerger Festung war duerch hir strategesch Lag eng vun de wichtegste Festungen an Europa vum 16. Joerhonnert bis an d’Joer 1867, wou si geschleeft gouf. Si gouf am Laf vun der Joerhonnerten e puer Mol vun de verschiddene groussen europäesche Muechten, déi Lëtzebuerg ëmmer nees beherrscht hunn, ausgebaut an ass eng Synthees vun der militärescher Architektur vun e puer Joerhonnerte. En UNESCO Site Manager koordinéiert d‘Aktivitéite fir de Site z’erhalen, ze schützen an ze promouvéieren.
<
MÉMOIRE DU MONDE
Den internationale Register “Memory of the World”, dee vun der UNESCO am Joer 1992 an d’Liewe geruff gouf, ass eng Lëscht vun alle Sammlunge vun dokumentareschem Patrimoine, déi vum engem Comité Consultatif identifizéiert goufen, well se dem Selektiounscritère vum universellen Interessi entspriechen.
De Register definéiert déi verschidde Beräicher vum dokumentaresche Patrimoine (Archiven, Bibliothéiken, Bicher, Filmer, Nouten, Manuskripter, historesch Dokumenter, Fotoen, Konschtwierker) a garantéiert hir Konservéierung an hir Accessibilitéit.
The Family of Man ass eng legendär Fotoausstellung, déi vum grousse Lëtzebuerger Fotograf Edward Steichen (1879-1973) 1955 fir de Museum of Modern Art (MoMA) zu New York erstallt gouf.
D‘Expo enthält 503 Fotoe vun 273 Fotografen aus 68 Länner, dorënner esou berüümte Kënschtler wéi den Henri Cartier-Bresson, de Robert Doisneau, de Brassaï, de Robert Capra an d‘Dorothea Lange. D’Ausstellung gouf vu ronn 9 Millioune Leit weltwäit gesinn a Lëtzebuerg krut se vun der amerikanescher Regierung geschenkt.
D’Ausstellung, déi permanent am Schlass zu Klierf ze gesinn ass, gouf 2003 an den UNESCO Memory of the World Register opgeholl.
REPRESENTATIV LËSCHT VUM IMMATERIELLE KULTURIERWEN
Den immaterielle kulturelle Patrimoine ass souwuel traditionell ewéi zäitgenëssesch a lieweg, a schléisst esouwuel ländlech wéi och urban Praktike vun eiser Zäit mat an.
En entwéckelt sech aus senger Verwuerzlung an de Communautéiten an ass ofhängeg vun de Leit, deenen hiert Wëssen iwwer Traditiounen, Fäegkeeten a Gebräicher vu Generatioun zu Generatioun oder vun enger Communautéit un eng aner viru gi gëtt.
Obschonns e fragil ass, ass den immaterielle kulturelle Patrimoine e wichtege Faktor fir, am Zäitalter vun der Globaliséierung, déi kulturell Diversitéit ze erhalen. Den immaterielle kulturelle Patrimoine vu verschiddene Gemeinschaften ze kennen ass essenziell fir den interkulturellen Dialog a steigert de Respekt fir aner Kulturen.
De 16. November 2010 huet de Comité intergouvernemental fir den Erhalt vum Patrimoine immaterielle kulturelle Patrimoine vun der UNESCO eestëmmeg decidéiert, d‘Iechternacher Sprangpressessioun op d’Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet anzeschreiwen.
Zënter 2017 gëtt d’Lëscht vum immaterielle kulturelle Patrimoine zu Lëtzebuerg reegelméisseg aktualiséiert. Am Joer 2022 gouf Bärbelendag, d’Feier vun der Schutzpatréinesch vun de Mineuren, déi haut nach ëmmer an der Minett UNESCO Biosphere gefeiert gëtt, an den nationale Register opgeholl.
D’WELTNETZ VUN DE BIOSPHÄRERESERVATER
© Marc Weis
De „Man and the Biosphere“-Prorgamm (MAB) ass en internationalen, wëssenschaftleche Programm, deen dozou bäidroe soll eng wëssenschaftlech Basis ze schafen, fir d’Relatiounen tëscht Mënsch an Natur um globalen Niveau ze verbesseren. Gegrënnt an de fréien 1970er, proposéiert de MAB eng interdisziplinär Fuerschungsagenda, ënnerstëtz den Opbau vu Kapazitéiten an huet als Haaptziler de Biodiversitéitsverloscht ze reduzéieren an sech mat de Konsequenze vun dësem Verloscht op d’Ëmwelt, sozial a wirtschaftlech Aspekter ze beschäftegen.
Well de MAB-Programm sech mat Problemer op de Schnëttstelle vu Wëssenschaft, Ökologie, Gesellschaft an Entwécklung beschäftegt, bréngt e verschidden Disziplinnen zesummen – exakt a Naturwëssenschaften, Sozialwëssenschaften, Wirtschaft an Erzéiung – fir dat mënschlecht Ëmfeld ze verbesseren an natierlech Ökosystemer z‘erhalen.
Den 28. Oktober 2020 gouf d‘Minett UNESCO Biosphere, déi vum Gemengesyndikat PRO-SUD geréiert gëtt, an de prestigiéise Man and the Biosphere (MAB) Programm opgeholl.
D’WELTNETZ VUN DEN UNESCO GEOPARKEN
Photo: Ben Kerckx (www.pixabay.com)
En UNESCO Global Geopark ass en territoriale Raum, deen e geologesche Patrimoine vun internationaler Wichtegkeet opweises huet.
Den Natur- & Geopark Mëllerdall ass zanter 2022 en UNESCO Global Geopark. Säin Zil ass dem Public de Wäert vum geologesche Patrimoine vun der Regioun ze vermëttelen, mat engem Fokus op nohalteg Entwécklung am Aklang mat der Agenda 2030 vun de Vereenten Natiounen.
Ënnerstëtzt gouf d’Demande vu staatlechen Acteuren wéi dem Ministère fir Energie a Landesplanung, regionale Partner wéi dem Office Régional du Tourisme Mullerthal – Petite Suisse Luxembourgeoise an der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun.
D’Netzwierk vu Schoule, déi mat der UNESCO associéiert sinn (résEAU, koordinéiert vum Sëtz vun der UNESCO zu Paräis), bréngt Bildungsinstituter ronderëm d’Welt mat gemeinsamen Ziler zesummen: d’Verdeedegung vum Fridden am Käpp vu Kanner a Jugendlechen ze verankeren an se fir eng nohalteg Entwécklung ze sensibiliséieren.
Déi 12.000 Memberschoule vum Netzwierk an 182 Länner engagéiere sech konkret fir Vëlkerverstännegung, Fridden, interkulturellen Dialog, nohalteg Entwécklung a qualitativ héichwäerteg Bildung. D’Volete „Global Citizenship“ an „Education 2030“ si besonnesch wichteg. Zu Lëtzebuerg sinn 13 Grondschoulen a Lycéeën Deel vum Reseau vun de Lëtzebuerger UNESCO Schoulen.
Den „UNESCO Chairs“ Programm, deen 1992 lancéiert gouf, ënnerstëtzt d’Grënnung vu Léierstill op Universitéiten an den Expertiseberäicher vun der Organisatioun, d.h. Educatioun, Natur- a Sozialwëssenschaften, Kultur, Kommunikatioun a Mënscherechter.
Zesumme mat UNITWIN encouragéiert den „UNESCO Chairs“ Programm international Zesummenaarbecht a Vernetzung tëscht Universitéite fir d’Kapazitéite vun den Institutiounen duerch Wëssenaustausch a gemeinsam Aarbecht ze stäerken.
A ville Fäll handelen déi vernetzt Léierstill als Thinktanks a Bréckebauer tëscht Universitéiten, der Zivilgesellschaft, lokal Communautéiten, der Fuerschung an de politeschen Decideuren.
Si hëllefe politesch Entscheedungen z’ënnerstëtzen, nei Léierinitiativen ze schafen, Innovatioun duerch Fuerschung ze generéieren, an si droen dozou bäi existent Universitéitsprogrammer ze beräicheren andeems si déi kulturell Diversitéit ënnerstëtzen. A Beräicher wou et e Mangel u Kompetenze gëtt, sinn dës Léierstill dacks Exzellenz- an Innovatiounszenteren, esou wuel um nationalen Niveau, wéi och doriwwer eraus.
Aktuell sinn 850 Institutiounen aus 117 Länner un dësem Programm bedeelegt, dorënner d’Uni Lëtzebuerg mat hirer UNESCO-Chair in Human Rights.