Disponibel Subsiden
fir eng Loft/Waasser-Wärmepompel
Fir déi disponibel Subsiden an d’Méiglechkeeten dës ze kombinéieren besser nozevollzéien, kënnt Dir Iech un dëser Grafik orientéieren. Mir hunn och e konkret Beispill, fir besser ze verstoen, wéi Dir vun de Subside profitéiere kënnt, fir Iech preparéiert.
Checklëscht – Wärmepompel
Esou kënnt Dir Äre Projet realiséieren:
1. Kontaktéiert e Klima-Agence-Beroder, fir Iech iwwert déi eenzel Schrëtt vun Ärem Projet z’informéieren. Maacht duerno e Rendez-vous aus fir eng gratis Berodung bei Iech doheem oder eng telefonesch Berodung ënnert der Nummer 8002 11 90.
2. Adresséiert Iech un en Installateur, deen Är Situatioun evaluéiert an Iech en Devis mécht:
• Fannt en enoprimes-Partnerinstallateur: Hei klicken
• Sudstroum kann Iech och ënnerstëtzen: Hei klicken
• Frot den Installateur vun Ärem Vertrauen.
3. Frot eng gratis Iwwerpréifung bei der Klima-Agence un, fir erauszefannen ob Är Offer vun de Subside profitéiere kann, a fir Informatiounen iwwert all d’Prozeduren an disponibel Ënnerstëtzungen ze kréien.
4. Falls néideg, frot eng Baugeneemegung bei Ärer Gemeng un (kuckt den Tableau I).
5. Frot de reduzéierten TVAs-Taux vun 3 % (A) beim Enregistrement oder iwwer Ären Installateur (fir Haiser, déi op mannst 10 Joer al sinn) un.
• Méi Informatiounen an d’Konditiounen: Hei klicken
6. Prefinanzéiert d’Installatioun vun der Wärmepompel.
7. No der Installatioun vun der Wärmepompel kënnt Dir d’Subsiden ufroen:
• Maacht Är Demande fir d’Klimabonus-Subsiden (B1 + B2 + B3) iwwer MyGuichet.lu oder per Post:
→ Formular 1: Hei klicken
→ Formular 2: Hei klicken
• Frot d’enoprimes-Subside vun Ärem Fournisseur (iwwer SUDenergie oder Enovos) oder de Sudstroum-Ënnerstëtzungsprogramm (E).
• Nodeems Dir d’Klimabonus-Subsiden (B1 + B2 + B3) kritt hutt, frot Dir den Topup social (C) an d’Gemengsubsiden (D) un:
→ Topup social Formular 1: Hei klicken
→ Topup social Formular 2: Hei klicken
→ Topup social Formular 3: Hei klicken
→ Kommunal Subsiden (kuckt den Tableau I)