Animatiounen am Laf vum Dag

En Dag voller Abenteuer matten an der Natur
De Miniaturbauerenhaff empfänkt eis scho Moies, esou datt mer eis vun den Déiere begeeschtere loosse kënnen. Am Laf vum Dag wiesselen sech Bastelatelieren a Naturerliefnisser harmonesch of. Bei den handwierklechen Ateliere kann ee senger Kreativitéit beim Schaffe mat Holz, beim Produzéiere vu Fakelen oder beim Wiewe vu Seeler fräie Laf loossen.
En Abléck an d’Welt vun de Beie weist hir wichteg Roll fir eis Ëmwelt. Abenteurer kënnen Erausfuerderunge wéi Aaxtwerfen, Bouschéissen oder Segway fuere meeschteren.
Da gëtt natierlech och dobausse gekacht. Et kann ee Stackbrout baken a gewuer ginn, wéi eng Planzen aus dem Bësch iessbar sinn an dës schmaachen. Naturspiller bidden de ganzen Dag iwwert d’Méiglechkeet spilleresch nei Saachen z’entdecken an ze léieren.
Highlights vum Dag:

De „Grénge Mann“ ass de Geescht an de Wiechter vum Bësch. Hien erzielt vun de Legenden, Mythen a Geheimnisser vun der Natur. Hien erkläert d’Eegenschaften an d’Heelkraaft vu verschiddene Beem a Planzen. Eng Aktivitéit fir Erwuessener a Kanner, déi sech fir d’Natur, wëll Planzen a Kraider interesséieren.

„Aqua-Wass“ ass eng interaktiv a léierräich Show ronderëm d’Theema vum Waasser, dat liewenswichtegt Element vun eisem Planéit. An enger origineller a iwwerraschender Inzenéierung behandelt de Professer Aqua-Wass op eng lëscht a pedagogesch Manéier wichteg Sujete wéi de Waasser-Kreeslaf, seng Bedeitung fir d’Liewen op der Äerd, d’Verschmotzung vum Waasser an de Waasserverbrauch.

„Segwaytours“ bidden jidderengem d’Méiglechkeet op engem Segway en Tour duerch d’Natur vum Ellergronn ze fueren. No enger kuerzer Initiatioun geet et vum Site vum Dag vun der Natur eraus an d’Bëscher an iwwert d’Bëschweeër vum Ellergronn.

Am Laf vum Dag trieden direkt dräi verschidde Gruppen op. D’„Louisiana Dixie Band“ fänkt um 11:30 un, d’„Réidener Juegdbléiser“ zéie vun 11:45 mat hiren Instrumenter duerch den Ellergronn an am Nomëtteg kann een d’Lidder vun „Leoin Rua“ genéissen.

Entdeckt mam Melissa déi geheimnisvoll Welt vun der Brennesselen, enger Planz, déi op ville Plaze wiist an déi esou Munches kann.

D’Beruffer aus dem Bësch stellen sech vir. Beandrockend Maschinnen am Asaz, innovativ Techniken an d’Vermëttlung vu konkretem Wësse ginn eis en Abléck an déi vill verschidden Aarbechten, déi an eise Bëscher ze maache sinn.


Léiert d’Welt vum Yoga kennen. Moies steet mam Déiere-Yoga eng Aféirung an de Yoga fir déi Jonk um Programm.
Am Nomëtteg kënnen déi Erwuessen dann éischt Schrëtt an den Univers vum Yoga goen mam Programm “Yoga du bien-être”.
Entspaant an ditt Ärem Kierper am herrlechen natierlechen Ëmfeld vum Ellergronn eppes Guddes.
