Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

“You are the Biosphere”

D’Resultat vum Jugendforum

Beim Minett Biosphere Youth Forum 2023 goufe Prototyppe fir nei Sensilibiséierungsschëlder an eisen Schutzgebitter entwéckelt. Op der Basis vun de Proposen, déi tëscht dem 12. an dem 16. Juli entstane sinn, kënnen elo Berodungen iwwert d’Beschëlderung an eisem Biosphärereservat gefouert ginn.

15 jonk Erwuessener aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Polen a Schweden waren déi lescht Woch beim zweete Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere dobäi. D‘Naturverwaltung (ANF) huet der Minett UNESCO Biosphere Experten an hir Lokalitéiten am Naturschutzzentrum Ellergronn zur Verfügung gestallt.

Fir d’Bekanntheet vum Biosphärereservat bei den Awunner vun den 11 Membergemengen ze steigeren, gouf am Laf vum Forum proposéiert grouss Banner am urbane Raum opzehänken, déi op d’Minett UNESCO Biosphere opmierksam maachen. Dës Panneauen sollen doriwwer eraus de Leit de Message iwwermëttelen, dass sie selwer een Deel vun der Biosphär sinn.

Déi aner Prototyppe vu Schëlder, déi, zesumme mam Kënschtler-Kollektiv La Bonneterie ASBL aus der Baatsch vun engem alen Zirkuszelt gemaach goufen, sollen an de sechs Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere an den Asaz kommen a sollen d’Visiteuren an den Naturschutzgebitter op eng méi perséinlech Manéier uspriechen. Wéi a wou d’Beschëlderung, déi um Jugendforum konzipéiert gouf, déi aktuell Panneauen ergänze kéint, wäerten déi Responsabel vun der Natura2000-Zone Minetter Dagebaugebitter an dem Biosphärereservat zesumme kucken.

 
Prototyppen, déi um Jugendforum entstane sinn

Besonnesch wichteg fir d’Participanten um Jugendforum war de Schutz vun de Flanteren an de Villercher, déi um Buedem bréien (Bëschléierchen), den Erhalt vun den Orchideeën, déi eis Naturraim charakteriséieren an d’Cohabitatioun tëscht de Wanderschof an Hënn, déi vun hire Proprietäre mat an déi fréier Dagebaugebitter vum Süde geholl ginn.

De Forum konnt duerch d’Ënnerstëtzung vun Ministère fir Energie a Landesplanung, der André Losch Fondation, dem Erasmus+ Programm vun der Europäescher Unioun an der Lëtzebuerger UNESCO Kommissioun organiséiert ginn.