Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Wëll Orchideeën zu Lëtzebuerg

Dëse Freideg mécht déi nei temporär Ausstellung „Täuschend echt! Wëll Orchideeë vu Lëtzebuerg“ am ‘natur musée’ am Gronn hir Dieren op.

Bis Enn August steet dann déi zweetgréisste Planzefamill vun der Welt am Fokus: d’Orchideeën. Mat eppes iwwer 40 verschiddenen Zorte sinn d’Orchideeën och zu Lëtzebuerg a ville Liewensraim present. E besonneschen Hotspot fir d’Orchideeë sinn déi al Dagebaugebitter am Minett, wou si dacks optimal Konditioune fanne fir ze wuessen an ze bléien.

Am Kader vun der neier Ausstellung proposéiert den ‘natur musée’ och eng grouss Unzuel u Visitten an den Naturschutzgebitter vun der Minett UNESCO Biosphere.

2. Juni: Orchideeëntour um Giele Botter

De Freideg, 2. Juni, hëlt d’Tania Walisch iech mat op en Tour duerch de „Giele Botter“. An dësem Naturschutzgebitt tëscht Péiteng an Déifferdeng gëtt et net just Orchideeën, mä och nach aner rar Planzen, déi d‘Wëssenschaftlerin aus dem ‘natur musée‘ iech deen Dag gäre weist.

Hei kënnt Dir Iech fir den Tour iwwert de Giele Botter aschreiwen.

3. Juni: D’Orchideeë vun der Haard

D’Haard tëscht Diddeleng, Käl-Téiteng a Rëmeleng ass dat gréisst Naturschutzgebitt vum Land. Hei hunn nom Enn vum Minett-Ofbau d’Orchideeën op ville Plazen en optimaalt Habitat fonnt. D’Botanistin Laura Daco proposéiert iech um Samschdeg Moien en Entdeckungstour iwwert eng Plaz, déi sech d’Natur nom mënschlechen Agrëff komplett zeréckeruewere konnt.

Fir den Tour op d’Haard kënnt Dir Iech hei umellen.

6. Juni: D’Minetter Dagebaugebitter – en Hotspot fir Orchideeën

Den Dënschdeg 6. Juni invitéiert den ‘natur musée‘ bei sech an de Gronn. De Jan Herr, Gestionnaire vun den Natura 2000 Sitten am Minett, erkläert hei firwat sech d’Orchideeën am Süde vu Lëtzebuerg esou wuel spieren. Hie schwätzt och iwwert déi konkret Mesuren, déi an de fréieren Dagebaugebitter musse geholl ginn, fir d’Orchideeën ze schützen an erkläert firwat net just d’Orchideeën, mä eng ganz Rei aner Planzen an Déiere vun dëse Schutzmesure profitéieren.

Hei kënnt Dir Iech Är Plaz fir dës Konferenz buchen.

10. Juni: Orchideeën op der Haard

De Guy Conrady, Naturfotograf a wëssenschaftleche Mataarbechter vum ‘natur musée‘, hëlt Iech de Samschdeg, 10. Juni, mat op en Tour iwwert d’Haard. Zwou Stonne laang geet et op d’Sich no raren Orchideeën an aneren natierleche Bijoue vun dësem Naturschutzgebitt.

Klickt hei fir iech unzemellen.

11. Juni: Gefährdung und Schutz der Orchideen

De fréiere Gestionnaire vun den Naturschutzgebitter an den alen Dagebaugebitter vum Süden, Josy Cungs, proposéiert de Sonndeg, 11. Juni, e weideren Tuer duerch d’Naturschutzgebitt vun der Haard. Um Terrain weist hie wéi Fleegemesure fir Orchideeë mussen ausgesinn an erkläert firwat just eng korrekt Gestioun vun de Sitten hir Biodiversitéit erhale kann.

Hei kënnt Dir Iech fir den Tour iwwert d‘Haard aschreiwen.

Expo am ‘natur musée‘

Nieft dëse Visitten an de fréieren Dagebaugebitter vun der Minett UNESCO Biosphere proposéiert den ‘natur musée‘ och nach aner Visitten, Konferenzen an Atelieren am Kader vun der Ausstellung „Täuschend echt! Wëll Orchideeë vu Lëtzebuerg“.

D’Expo huet dëse Freideg Vernissage an ass duerno bis Enn August vun Dënschdes bis Sonndes am ‘natur musée‘ ze gesinn.

© Marc Weis