Bei der Preparatioun vun Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad ass 2020 d’Iddi entstanen, Begréissungsschëlder laanscht déi Stroossen ze stellen, wou d’Visiteuren an déi 11 Lëtzebuerger Esch2022-Partnergemengen, deenen hir Territoire deckungsgläich mat deem vun der Minett-UNESCO-Bisophere ass, erafueren. Esou sollen d‘Visiteuren direkt informéiert ginn, datt se sech elo um Territoire vun der europäescher Kulturhaaptstad befannen.
Nom Enn vun Esch2022 wollten d’Gemenge vum eenzege Biosphärereservat zu Lëtzebuerg dës Identitéitsschëlder virun notzen, fir de Visiteur am Süde vu Lëtzebuerg z’informéieren, datt eis Regioun Deel vum globalen Netzwierk vun den UNESCO-Biosphären ass.
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Nodeems 2023 um vun de neie Schëlder geschafft gouf an déi néideg Autorisatioune vun der Administration des Ponts et Chaussées ugefrot goufen, fir d’Schëlder, déi eigentlech nëmmen am Titeljoer vun Esch2022 laanscht d’Stroosse sollte stoen, kënnen op der geographescher Grenz vun der Regioun stoen ze loossen, konnt an de leschten Deeg mam Tosch vun de Schëlder ugefaange ginn.
Fir Ressourcen ze spueren, entspriechen déi nei Begréissungsschëlder a punkto Gréisst an Orientéierung den Esch2022-Panneauen. Esou konnten net just de Sockel an d’Kadere vun de Stroosseschëlder, mee och d’Schëlder selwer nach emol benotzt ginn. Deen neien Design ass einfach iwwert deen ale gepecht ginn.
An den nächste Woche ginn d’Schëlder elo all ersat, sou datt ab dësem Fréijoer d’Visiteure vun eiser Regioun op insgesamt 27 Plazen an der Minett UNESCO Biosphere begréisst ginn.