Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Schoul dobaussen am Abrëll

Am Abrëll war vill lass an eisem Schoulprogramm

De Fréijoersbësch am Ellergronn

© Minett UNESCO Biosphere / Lucie Majerus

Primärschoulen aus de Gemenge vum Minett sinn op Entdeckungstour an de Fréijoersbësch am Ellergronn gaangen. Zesumme mat der Botanikerin Antoinette Welter hunn si d’Erwäche vun der Natur observéiert, Fréiblütler kennegeléiert, jonk Bichenblieder geschmaacht, d’Entsteeungsgeschicht vun de Weieren am Ellergronn erausfonnt, verschidden Déierespuere fonnt an hunn spilleresch eppes iwwer Tarnung a Camouflage geléiert.

Pissblumm ass net gläich Pissblumm

© Minett UNESCO Biosphere / Lucie Majerus

D’Lycéesklassen hunn der Botanikerin Odile Weber aus dem ‘naturmusée‘ gehollef fir d’Pissblummen aus dem Ellergronn fir den nationalen Herbier ze präparéieren. Si hunn geléiert wéi eng Mierkmoler bei deene verschiddenen Zorten ze ënnerscheede sinn a wéi en dat nidderschreift. Um Terrain hunn d’Gruppen zesummen op wëssenschaftlecher Manéier di verschidde Pissblumme gesammelt, beschriwwen, hier Koordinate festgehalen, fotograféiert a se fir an d’Press virbereet. Esou hunn si an Aktioun d’Aarbecht vun enger Botanikerin erlieft an dobäi och bei der Recherch um Terrain assistéiert.

D’Aire Terrestre Educative zu Rëmeleng

© Minett UNESCO Biosphere / Lucie Majerus

Zu Rëmeleng hunn eis zwou Schoulklasse vun dem Pilotprojet “Aire Terrestre Educative” de Jan Herr getraff, deen sech em d’Natura 2000 Naturschutzgebitter këmmert. Si hunn sech zesummen en spezifeschen Deel vum Arboretum ugekuckt: de Front de taille. Déi héich Mauer aus Steng, déi duerch den Ofbau vum Minett am Dagebau entstanen ass, gouf viru kuerzem vun der Naturverwaltung (ANF) a Stand gesat.

Hecken a jonke Beem sinn ewech geholl ginn, fir dëse Biotop erhalen ze kënnen. Dëst erméiglecht villen Déieren an Insektenzorten en Liewensraum an deene waarme Steekaulen ze fannen: Eidechsen, Päiperleken a wëll Béien, beispillsweis, fillen sech do puddel wuel. Op der Dréchewiss, déi niewendrun léit, wuessen am Summer wëll Orchideeën. Op dëser geschützter Plaz hunn d’Kanner trotzdeem Dreck vu Mënsche fonnt: Plastiksfläschen a Plastikspatrounen, déi näischt an den Naturschutzgebitter ze sichen hunn.

D’Kanner hunn geléiert firwat geschützte Gebitter wichteg fir eisen Ökosystem sinn a firwat de Mënsch sech un Reegelen hale soll. Zum Schluss hunn si nach eng Kéier iwwer hier Iddie vun hirem Brainstorm iwwer Aktivitéiten am Arboretum diskutéiert. Dono gouf demokratesch doriwwer ofgestëmmt wéineg Aktivitéiten als nächst un der Rei sinn.