Den Donneschdeg, 25. Januar 2024, si iwwer 50 Participanten aus den eelef PRO-SUD-Gemengen, Ministèren, Gemengesyndikater, Fuerschungsinstitutiounen an der Klima-Agence fir den éischte Workshop vum „Regionalforum Süden“ zesummekomm. Zil war et eng gemeinsam a pragmatesch Dekarbonisierungsstrategie fir d’Minett UNESCO Biosphere z’entwéckelen.
D’Reunioun war an de Raimlechkeet vun der fréierer Arcelor-Universität, déi am „Bâtiment 5“ um Site vun der Metzeschmelz ënnerbruecht war. Dëse Site soll am Laf vun den nächste Joren an e modernen, ëmweltfrëndlechen a klimaneutrale Stadquartier transforméiert ginn. Op der Basis vun de Resultater, déi bei enger éischter Reunioun am Juli 2023, erschafft goufen, goung et dës Kéier drëms de „Regionalforum Süden“ offiziell ze lancéieren a spezifesch, regional Projeten ze prioriséieren, déi am Aklang mat der Vision Territoriale vum Département de l’aménagement du territoire (DATer) stinn. Doriwwer eraus sollten dës Initiativen d’Richtlinne vum Klima- an dem Naturpakt erfëllen.
Den Atelier huet mat enger kuerzer Usprooch vum neie PRO-SUD-President an Escher Buergermeeschter, Christian Weis, ugefaangen. Hie huet a senger Ried d’Urgence vun der Aufgab, déi op d’Gemengen duerkënnt betount, a sech optimistesch gewisen, datt eng konkret regional Strategie entstoe kann, mat där d’Stäerkten an d’Kompetenze vun eiser Regioun genotzt kënne ginn.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Syndicat PRO-SUD / Minett UNESCO Biosphere
Deroulement vum Atelier
Am éischten Deel vum Nomëtteg hunn d’Participanten d’Resultater an d’Konklusioune vum éischten Atelier aus dem leschte Joer analyséiert, fir eenzel Projeten ze prioriséieren.
Duerno goufen d’Participanten a fënnef verschidde Gruppen opgedeelt. Hei sollte konkret Projeten definéiert ginn, déi an den nächste Méint an Zesummenaarbecht tëscht de Gemengeverwaltungen, der Ekipp vum PRO-SUD an den nationalen Administratiounen ëmgesat kënne ginn.
D’Sujete vun de fënnef Aarbechtsgruppen hu sech un de grousse Kapitele vun der Vision Territoriale orientéiert, déi 2022 vum Département de l’aménagement du territoire (DATer) presentéiert gouf:
- Stadentwécklung a Logement
- Aktiv Mobilitéit
- Ernierungssécherheet a Biodiversitéit
- Emissiouns-Montoring
- Energie a Biergerbedeelegung
An dëse fënnef Aarbechtsgruppe si konkret Mesuren erschafft ginn, déi um Schluss vum Nomëtteg a Presenz vu gewielte Vertrieder aus de PRO-SUD-Membergemengen presentéiert goufen.
Nächst Etappe vun der „Mission Zéro Carbone“
An den nächste Woche ginn zwee Aarbechtsgruppe konstituéiert. Dës wäerten d’Propose vum „Regionalforum Süden“ analyséieren a kucken, wéi dës ëmgesat kënne ginn. Am éischten Aarbechtsgrupp wäerten d’Klimaberoder vun de PRO-SUD-Gemengen um Regionaliséiere vun de Mesure schaffen, mat deenen d’Ziler vum nationale Klimapakt kënnen erreecht ginn. Esou wäert d’Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen intensivéiert ginn.
Zäitgläich wäert en zweeten Aarbechtsgrupp, dee sech Techniker vun de Gemengen zesummesetze wäert, déi éischt Dekarbonisierungsprojete vun der Minett UNESCO Biosphere op de Wee bréngen. Dëse Grupp gëtt bei senger Aarbecht duerch de Coordinateur vun der „Mission Zéro Carbone“ ënnerstëtzt, deen am Laf vun dësem Joer wäert bei PRO-SUD ufänken.
Doriwwer eraus gëtt am Fréijoer en Theemendag organiséiert, bei deem et eenzeg ëm d’Opstelle vun engem regionalen Energieplang wäert goen.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |