Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Naturlab: Biodiversitéit erfaassen

MiNELL-Workshop: Wéi d’Natur d’Iwwerhand gewënnt

Bei beschtem Wieder war gëschter Moien eng Aktivitéit am Kader vun eisem Naturlab. Den Naturlab ass en Deel vum Projet MiNELL, dee vum Fonds National de la Recherche ënnerstëtzt gëtt. Zesumme mat der Botanikerin Laura Daco aus dem ‘naturmusée’ goung et zu Diddeleng op d’Haard.

Et goung drëm verschidde Stadie vun ökologescher Successioun an den alen Dagebaugebitter ze erfaassen an ze verstoen. E wichtegen Aspekt bei dëser Aktivitéit war et d’Biodiversitéit vum Standuert Haard, der gréisster vun de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere aktiv kennenzeléieren an nozevollzéien a wéi engen Etappen d’Zeréckeruewerung vun dësem Liewensraum nom Stopp vum Biergbau funktionéiert huet.

D’Participante konnten un Hand vu Bestëmmungsbicher an anerem Material selwer d’Planzen op de predefinéierte Standuerter z’identifizéieren an esou Wëssen iwwert den natierleche Räichtum vum Minett sammelen.

 

WEIDERE RENDEZVOUS

Fir all déi, déi de Rendezvous vun dësem Sonndeg verpasst hunn. Mir bidden dësen Atelier nach eng Kéier un. Rendezvous ass op Päischtsonndeg, dem 5. Juni 2022 um 9h30.

Hei kënnt dir iech fir dëse Rendezvous aschreiwen