Vélocité – La Vallée des champion.nne.s
Um Schluss vum Vëlosummer 2024, bei deem jo och nees Circuiten iwwert den Territoire vun der Minett Biosphere gaange sinn, consacréiere mir den neien Episod vun eisem Podcast dem Cyclissem.
Duerfir maache mer Statioun am Musée Ferrum, dee jo en Deel vun der Téitenger Schungfabrik ass an ënnerhalen eis, am Kader vun enger Ausstellung ronderëm de Vëlo, mat eisem Invité iwwert de Vëlo als deeglecht Transportmëttel. Laang Jore war den Drotiesel am Minett ganz beléift, fir vun A op B ze kommen, an de leschte Joerzéngten huet de Vëlo allerdéngs am deegleche Gebrauch un Attraktivitéit verluer.
Firwat ass de Vëlo manner attraktiv gouf? Wat ee maache kann, fir him nees méi Plaz am deegleche Verkéiersfloss zu Lëtzebuerg ze ginn? Dat si Froen, déi mir eisem Gaascht vun dësem Mount, dem Raoul Petit gestallt hunn.
Eise Gaascht: Raoul Petit
De Raoul Petit, deem aus dem Käldall kënnt an elo zu Diddeleng doheem ass, ass President vun der Associatioun Vëlo Diddeleng. Hei setzt hie sech zënter fënnef Joer schonn duerfir an, datt d’Vëlosinfrastruktur an der Gemeng verbessert gëtt.
De Familljepapp schwätzt awer net just iwwert de Vëlo als Transportmëttel, mä notzt en dagdeeglech. Nodeems d’Famill Petit ee vun hiren zwee Autoe géint e Cargobike getosch huet, fiert den Enseignant net just all Dag d’Kanner selwer mam Vëlo an d’Schoul, mä duerno och nach op d’Schaff op Beetebuerg.
Seng Erfarungen, fir mam Vëlo op d’Schaff ze fueren, si Sujet am aktuellen Episod vum Minett Mash-Up. Vëlo Diddeleng an hir Efforte fir d’Vëlosinfrastruktur zu Diddeleng ze verbessere sinn e weidere Sujet dëse Mount an da schwätze mir natierlech och iwwert d’Ausstellung „Vélocité – La vallée des champion.nne.s“, déi nach bis Enn September am Musée Ferrum zu Téiteng ze gesinn ass.
© Musée Ferrum / Minett UNESCO Biosphere / CNCI
Eis Minett-Location vum Mount: Musée Ferrum zu Téiteng
De Musée Ferrum gouf de 14. Oktober 2022 offiziell ageweit. Dëst Gebai enthält eng Konschtgalerie fir Wanderausstellungen, de Raum Kirscht, e multifunktionelle Sall wou edukativ Ateliere stattfannen an e Muséesraum iwwer déi lokal Geschicht. Dësen ass a verschidde Voleten opgedeelt:
- Eng chronologesch Geschicht vun der Gemeng Käl, déi vun der Steenzäit bis haut geet.
- D’Industriegeschicht vum 19. an 20. Joerhonnert. An deem Kader gi kleng a mëttelgrouss Betriber behandelt, déi sech ronderëm d’Stolindustrie entwéckelt hunn an déi essenziell fir déi wirtschaftlech Entwécklung vu Käl an Téiteng waren.
- D’Schungfabrik, eng wichteg Firma, an där d’Famill Hubert Schong fir Mineure produzéiert huet.
- D‘Biergbaugeschicht vun der Gemeng an d‘Aarbechterbeweegung, déi domat Hand an Hand geet.
En anert Theema, dat am Musée gewise gëtt, ass den Äerztransport. Enk mat der Industriegeschicht verbonnen, huet den Transport vun Äerz vun de Bremsstatiounen a Luedplazen den Alldag vun den Awunner vun der Gemeng gepräägt. Dësen Deel gëtt mat enger Wanderung, déi Iech erlaabt an der Natur den Äerztransport an d’Stolindustrie ze verfollegen, completéiert. De Minettswee, wéi en heescht, ass an der éischter Hallschent vum Joer 2020 ageweit ginn.
De Raum Kirscht ass en Ausstellungssall, am dee verschidden Ausstellunge gewise ginn. Den Ament ass et eng Ausstellung iwwer d’sportlech Geschicht an déi alldeeglech Notzung vum Vëlo am Käldall.
© Musée Ferrum – Black Magic Tea
Eise Quiz:
Wéini ass Vëlo Diddeleng gegrënnt ginn?
- 2024
- 2019*
- 2010
Wat ass eng Vëlosstrooss?
- Eng Strooss exklusiv fir Vëloen
- Eng Strooss mat Prioritéit fir de Vëlo, wou deen och net däerf iwwerholl ginn
- Eng Strooss, wou Vëloen op de Buedem gemoolt sinn an der riets a lénks laanscht d’Strooss geparkt stinn
Links bei d’Sujeten aus dësem Episod:
- Vëlo Diddeleng – Veräin, dee sech ëm d’Promotioun vum Vëlo zu Diddeleng asetzt
- Stad Diddeleng – Eng vun den 11 Gemenge vun der Minett Biosphere
- Vëlosweeër zu Lëtzebuerg – Kaart mat allen offizielle Vëlosweeër zu Lëtzebuerg
- Musée Ferrum – Deel vun der Schungfabrik zu Téiteng
- Vélocité – La vallée des champion.nne.s – Expo ronderëm de Vëlo, déi aktuell am Musée Ferrum ze gesinn ass
- Elsy Jacobs – Éischt (a bis haut eenzeg) Weltmeeschterin am Cyclissem aus Lëtzebuerg
- Haus vum Vëlo – Ariichtung um Belval, wou een no sengem Vëlo ka kucke loossen
- GoGo Vëlo – Initiativ vu Pro-Vëlo fir d’Promotioun vum Vëlo am deegleche Gebrauch
- Pro-Velo – Asbl déi sech fir séchert Vëlosfueren zu Lëtzebuerg asetzt
- PNM2035 – Nationale Mobilitéitsplang fir d’Joer 2035
- Mam Vëlo op d’Schaff – Skulptur vum Kënschtler Armand Strainchamps, déi zu Diddeleng steet
- Christine Majerus – Lëtzebuerger Vëlossportlerin, déi zënter Joren de Cyclissem professionelll bedreift
- Gravel-Bike – sportleche Vëlo, deen d’Eegenschafte vum Stroossevëlo an dem Coursevëlo mat méi breede Pneue kombinéiert
- Haard – Kärzon vun der Minett Biosphere, wou ee gutt Vëlo ka fueren
- Lallengerbierg-Brucherbierg – wieder Kärzon vum Biosphärereservat, mat usprochsvolle Mountainbikesweeër
- Vëlosstrooss – Stroossen an de Vëlo komplett Virfaart huet
Kontaktéiert eis: