Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Mmmh… Minett! Hunneg aus der Biosphär

Mëtt August ass mat de Minetter Schof deen éischten “Mmmh… Minett!”-Produit virgestallt ginn. D’Fleesch vum rouden Ardennerschof, déi all Joers duerch d’Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere zéien, fir hei aktiv géint d’Verbuschung vun den Dréchewise virzegoen, gëtt zënter dësem Summer a verschiddene CORA-Supermarchéë a bei ausgewielte Metzlere verkaf. D’Minetter Schof begeeschter donieft och deen een oder anere Kach, esou datt duerchaus an den nächste Wochen op Menüskaarte vu Restauranten aus dem Grand-Duché kéint ze fanne sinn.

“Mmmh… Minett!” beschränkt sech awer net just op ee Produit. Nieft dem Schofsfleesch gëtt et elo och en Hunneg, deen an de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere entsteet an deen een un der “Mmmh… Minett!”-Etiquett erkenne kann.

 

De Beiemann – Marcel Zoller, dee seng Beiekëschten an den Naturschutzzonen an Natura 2000 Gebitter ronderëm Déifferdeng stoen huet, kritt duerch den exklusive Standuert vu senge Beien net just en exzellenten Naturproduit, dësen ass elo och als Produkt vum eenzege Lëtzebuergesche Biosphärereservat z’erkennen.

Den “Mmmh… Minett!”-Hunneg fënnt een awer net a Butteker oder Supermarchéen, mä exklusiv op deene Wochemäert, wou den Imker present ass. Dat ass freides Moies zu Esch an donneschdes Moies an der Stad op der Paräisser Plaz.