Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Lynn Theisen X Bremshaischen Téiteng

Matten am Bësch, op den Hiwwel vum pittoreske Käldall, hu mer dësen Episod vun eisem Podcast opgeholl. Op Besuch hate mir dës Kéier déi jonk Fotografin Lynn Theisen, déi no hirem Studium zu Berlin, dee Wee zeréck an de Minett fonnt huet a sech elo mat hirem Atelier am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng installéiert huet. Hire Wee an d’Fotografie an hire spezielle Konschtprojet fir Esch2022 si just zwee vun de Sujeten iwwert déi mir geschwat hunn.

Eis „Minett Location“ vum Mount:

D’Bremhaische vun der aler Langenacker Minn zu Téiteng – een historesche Bijou matzen an der schéiner Natur.

Eis Invitée: Lynn Theisen

D’Lynn Theisen ass Fotografin. Hir Inspiratioun zitt si aus hire Reesen an den Impressiounen, déi si do sammelt. Wieder Inspiratiounsquelle si Leit, Kläng, Faarwen a kulturell Aflëss. Fir d’Lynn ass en Zesummespill tëscht Luucht a Faarf an all Bild immens wichteg. Hire Studio huet d’Kënschtlerin am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng, wo si sech nom Retour vun hirem Studium zu Berlin néiergelooss huet.

Instagram Facebook Homepage

 

 

Dem Lynn säi Quiz (Froen an Äntwerten):

D’Lynn huet säin Atelier am 1535 zu Déifferdeng – Wat bedeit déi Zuel 1535 iwwerhaapt?

  • Dat ass d’Temperatur bei där Eisen ufänkt ze schmëlzen

 

2018 war d’Bild vum Téitenger Brëmshäischen och op enger bestëmmter Plaz ze gesinn? Wou war dat?

  1. Op enger Waasserfläsch
  2. An engem Industriemusée iwwert der Grenz
  3. Op engem Timber

 

Kontaktéiert d’Minett Mash-Up Ekipp:

Instagram E-Mail