Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Manner Luucht – méi Biodiversitéit

Image courtesy of DMSP & NASA

De Phenomen vun der Liichtverschmotzung ass en aktuelle Sujet, well en eis Nuecht fir Nuecht betrëfft. An engems ass et awer eng Ëmweltverschmotzung, déi a groussen Deeler, net wouer geholl gëtt. De Virdeel vun dëser Pollutioun ass, deen, datt ee séier eppes géint se ënnerhuele kann. D’Ausschalte vun der Beliichtung geet duer, fir d’Liichtverschmotzung op en Enn ze bréngen.

Kënschtlech Beliichtung an der Nuecht ass e relativ neit Developpement an der Geschicht vun eisem Planéit. Éischt Beliichtungen entsti vum 17. Joerhonnert un mat Hëllef vu Stroosseluuchten, déi mat Pëtrol oder Gas bedriwwe goufen. Eréischt am 20. Joerhonnert huet de Phenomen, mat der Installatioun vun elektrescher Stroossebeliichtung, richteg zougeholl.

Definitioun a Konsequenzen

Liichtverschmotzung gëtt als „eng Verännerung vum natierlechen Niveau vun der Luucht duerch kënschtlech Beliichtungsquellen an Nuetslandschaften“ definéiert.

Se huet Konsequenzen op vill Aspekter vun der Ëmwelt. Net just, gëtt et duerch eng ze staark, schlecht konzipéiert, falsch orientéiert an/oder onvernënfteg genotzte privat an ëffentlech Beliichtung, d’Beobachtung vum Stärenhimmel méi komplizéiert, mä d’Liichtverschmotzung wierkt sech och deen Deel vun der Biodiversitéit aus, deen nuetsaktiv ass.

Aarten, déi sech un e Liewen an der Nuecht ugepasst hunn, hunn an enger Ëmgéigend, déi nuets beliicht gëtt, mat changéierte Liewensbedingungen ze dinn. D’Suite si variéiert. Vu Villercher, déi kënne verblent ginn, wat de Risiko vu Kollisioune mat Gefierer erhéicht, bis bei de Verloscht vu Juegd- a Fortplanzungsgebidder, beispillsweis fir Fliedermais an Amphibien.

Fir luminophil Aarten, dorënner vill Zorte vun Insekten, geet esou de Risiko ze stierwen an d’Luucht. Insekten ëmkreese kënschtlech Liichtquellen, deels bis zur Erschöpfung, kënnen duerch déi héich Temperature vun de Luuchte gegrillt ginn, oder fale Predateuren, wéi Amphibien, Fliedermais oder Spannen zum Affer, déi bei de Liichtquellen op se waarden.

D’Beliichtung an der Nuecht kann esouguer Konsequenzen op déi mënschlech Gesondheet hunn, well duerch si Schlofphase verréckelt ginn oder ee Probleemer beim Aschlofen huet. Laangfristeg kann eng Stéierung vun der biologescher Auer esouguer zu enger Rei Krankheete féieren, ewéi Depressiounen, Insomnie, Häerz-Kreeslaf-Probleemer an esouguer Kriibs.

D’Auswierkung op d’Biodiversitéit sinn esou gutt individuell ewéi och kollektiv ze gesinn. Liichtverschmotzung kann de Liewensraum vu verschiddenen Aarte reduzéieren, andeem Korridoren, déi verschidden Deeler vum Liewensraum ënnertenee verbannen, ënnerbrach ginn. E Resultat dovunner kann e Verloscht vu genetescher Villfalt a e Réckgang vun de Populatioune sinn. Am Laf vun der Zäit kënne Kaskadeneffekter entstoen, déi zu engem ökologeschen Ongläichgewiicht féiere kënnen, deen net méi ze behiewen ass.

Photo: Luca Dross (pexels.com)

Manner beliichten, fir d’Biodiversitéit z’erhalen

Mat Opkomme vun der LED-Technologie huet déi kënschtlech Beliichtung an der Nuecht net just weider zougeholl, mä och d’Qualitéit vum Liicht, wat vill LED-Stroosseluuchte produzéieren, ass méi schiedlech ewéi dat vun ale Stroosseluuchten. LED-Liicht huet dacks méi en héijen Undeel u bloem Liicht, wat dem Liicht vun der Sonn gläicht a vu villen Organisme mat der Dagesluucht a Verbindung bruecht gëtt.

Fir géint d’Liichtverschmotzung virzegoen, muss een eppes géint onnëtzt Beliichtung maachen, an zwar virop op, fir d’Biodiversitéit, empfindleche Plazen. Et geet net drëm all d’Luuchten auszemaachen, mä et geet drëm d’Iwwerdenke wéi een nuets beliicht.

Duerch de Respekt vun dëse fënnef Prinzippien ass eng Reduzéierung vun der ëffentlecher an der privater Liichtverschmotzung méiglech:

  • Just beliichten, wat beliicht muss ginn
  • Just da beliichten, wann et néideg ass
  • D’Struktur an d’Orientatioun vun de Luuchten upassen
  • Dee richtege Spektrum am Liicht benotzen
  • Op d’Intensitéit vun der installéiert Beliichtung uecht ginn

 

Weider Informatiounen iwwert de Sujet:

Et gëtt eng Rei vu konkreten Tuyaue fir d’Nuetsbeliichtung. 2018 ass d‘Broschür “Leitfaden “gutes Licht” im Außenraum für das Großherzogtum Luxemburg” erauskomm, déi Tipps gëtt, op déi ee bei der Installatioun oder Renovatioun vun Aussebeliichtung oppasse sollt.

D’Auswierkunge vun der Liichtverschmotzung op d’Biodiversitéit si vun der Naturverwaltung (ANF) an enger weiderer Broschür zesummegefaasst ginn, déi 2021 erauskomm ass an als PDF vun hirem Site kann erofgeluede ginn.

Interview mam Liichtberoder Daniel Gliedner

Website “Night, Light & More” vum Naturpark Our

Artikel iwwert d’Presentatioun vum Leitfaden “Gutes Licht” op emwelt.lu