Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Natur schützen: e Kannerspill!

Respect, please!

D’Naturschéinheete vun eisem Biosphärereservat z’entdecken an dozou bäidroen se z‘erhalen ass eng gemeinsam Erausfuerderung vu jidderengem, deen duerch déi fréier Dagebaugebitter am Süde vu Lëtzebuerg trëppelt. Dës Gebidder, geformt vun der Industrie vum 20. Joerhonnert, kënnen erhalten a geschützt ginn andeems een e puer einfach Reegele respektéiert, wann een do ënnerwee ass.

Mat sengem Hond spadséieren ze goen, ass eppes wat vill Naturliebhaber gäre maachen. Vum 1. Mäerz bis den 30. September mussen d’Hënn awer un der Léngt gehale ginn. Vill Vullenaarten, wéi zum Beispill d’Bëschléierchen, bréit an dëser Zäit um Buedem. Den Hond un der Léngt ze hale schützt net just dës seele Villercher a bitt hinnen d’Méiglechkeet hiren Nowuess opzezillen, et hëlleft an engems dat delikat natierlecht Gläichgewiicht an dëse Naturschutzberäicher z‘erhalen.

Vum Reseau vu baliséierten Trëppelweeër profitéieren

Déi fréier Dagebaugebitter, déi aktiv zum Räichtum vum Land bäigedroen hunn, bidden och en eenzegaartege Panorama, an deem Dréchewisen, Hecken a vereenzelt Bambestänn sech ofwiesselen. Dës komplex Ökosystemer bilden e wichtege Liewensraum fir eng grouss Villfalt vu Planzen an Déieren, dorënner och vill Orchideeën, déi an der Lëtzebuerger Landschaft ganz rar gi sinn. Fir se ze schützen, empfeele mir Iech dat ganzt Joer op de markéierten Trëppelweeër ze bleiwen. D’Netz vu Weeër, déi duerch eist Biosphärreservat féieren, erlaabt Iech se z’entdecken, Ären ekologesche Foussofdrock ze minimiséieren an awer vun der natierlecher Schéinheet vun dëse Landschaften ze profitéieren.

En anere wichtegen Aspekt beim Besuch vun den Natuschutzgebitter vum Biosphärereservat ass d’Entsuergung vun den Offäll.

D’Landschaft propper halen huet net just en ästheteschen Aspekt, mee huet och en direkten Impakt op déi lokal Biodiversitéit.

Fir dës Plazen ze erhalen, ass et also wichteg all Offall, deen op enger Wanderung entsteet, duerno nees matzehuelen.

Dreck am Naturschutzgebitt Lallengerbierg

D’Minetter Schof – Deel vun engem UNESCO Weltierwen

Nieft hirem ökologesche Wäert sinn déi fréier Dagebaugebitter och Sitte vun traditionelle landwirtschaftleche Praktiken. D’Wanderung vu Schof- a Geessen (Minetter Schof) duerch d’Dréchewisen, vu Mee bis November, ass e Spektakel fir sech. Dës landwirtschaftlech Traditioun, déi zënter 2023 op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet steet, ënnerstëtzt d’Gestioun vum Liewensraum a fërdert d’Biodiversitéit. Als Visiteur kënnt Dir bei der Wanderbeweedung vun den Naturschutzgebitter Zeie vun engem harmoneschen Zesummeliewen tëscht Mënsch an Natur, am Zeeche vum Aarteschutz, ginn.

Nom Ofbau vun der Minett huet d’Natur déi al Dagebaugebitterséier zeréckgewonnen an se a Blummewisen a Refugë fir vill Insekten an aner wëll Déieren ëmgewandelt. Dës Changementer weisen, wéi upassungsfäeg Natur ass a wéi wichteg eng gutt Gestioun ass fir dës eenzegaarteg Ökosystemer z‘erhalen. D’Gestioun vun den Naturschutzgebitter gëtt vum COPIL Natura 2000 Minetter Dagebaugebitter no strikte Krittären assuréiert.

Zesummegefaasst sinn dem Minett seng fréier Dagebaugebitter ökologesch wäertvoll Plazen, déi ëm déi mir eis këmmere mussen an déi mir respektéiere sollten. Esou kënne mir aktiv dozou bäidroe fir dës Sitten, fir déi aktuell an zukünfteg Generatiounen, z‘erhalen. E respektvollt Zesummeliewe mat der Fauna a Flora vun dëse Plazen ass d’Basis fir de Schutz vun engem nohaltegen natierleche Patrimoine zu Lëtzebuerg.