ℹ️ Regionalforum fir eng gemeinsam an nohalteg Entwécklung vum Minett 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Dario Di Genova X Musée des Mines

Ënner der Äerd, am Häerz vum Minett

 

D’Geschicht vun der Minett, hiren Ofbau, hir Weiderveraabechtung an d’Liewe vun de Leit an de Schmelzen an och an de Minnen sinn eise ruede Fuedem dëst Joer am Minett Mash-Up. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d’Mineure an hir Aarbecht, déi alles aaneschters ewéi en einfachen Job war – matten an engem Ëmfeld, wou d’Industriegeschicht nach haut lieweg ass.

Eis “Minett Location vum Mount”: Musée National des Mines de Fer (Rëmeleng)

Dës Kéier féiert eis Rees de Minett Mash-Up an de Musée des Mines op Rëmeleng – eng Plaz, wou een d’Geschicht vum Biergbau net just gesäit, mä och fillt. D’Entrée vum Musée läit um Carreau vun der Minn Walert, an hei gëtt ee ganz konkret an d’Welt vun de Mineure agefouert.

De Musée existéiert elo schonn iwwer 50 Joer a gëtt de Visiteure en authenteschen Abléck an d’Aarbechtskonditiounen vun deemools. Matten an der Minn sinn et schuckeleg 11 Grad bei enger richteg héijer Loftfiichtegkeet – do muss bei Visitten net just no Visiteure gekuckt ginn, déi heiansdo an der kuerzer Box an am T-Shirt kommen, mä och no den Exponater, déi am Laf vun der Visite Guidée gewise ginn.

E speziellen Zeien aus vergaangenen Zäiten hänkt nach virum Musée: e Buggi vun der Seelbunn, déi vun Ëtteng op Déifferdeng an d’Schmelz gaangen ass. Dës Seelbunn war vun 1906 bis 1980 aktiv an huet d’Minnen mat der Weiderveraarbechtung vum Eisen verbonnen. Genee esou Detailer maachen d’Location vum Mount zu méi wéi nëmmen engem Musée: et ass eng Entrée an eng vergaangen Zäit, déi eis hëlleft, eist industriellt Ierwe besser ze verstoen.

Eise Gaascht: Dario Di Genova

Eise Gaascht, den Dario Di Genova, ass Guide am Musée des Mines zu Rëmeleng. Hien deelt seng Passioun fir d’Geschicht vun de Lëtzebuerger Minnen mat de Visiteure a bréngt d’Erënnerung un d’Aarbecht vun de Mineure lieweg erof.

Am Episod schwätze mir mat him iwwer seng Verbindung zu dëser besonnescher Plaz an iwwert seng Motivatioun, hei als Guide ze schaffen, déi op Erfarungen zeréckgeet, déi den Dario als Bouf am Ëmfeld vun der Minn um Thillebierg gemaach huet, wou säi Papp 31 Joer laang geschafft huet. D’Gespréich beliicht vill Facetten, déi d’Welt vum Biergbau ausgemaach hunn:

  • d’Grënnung an d’Geschicht vun de Minnen an dem Musée zu Rëmeleng,
  • d’Bedeitung vun de Minne fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft,
  • déi markantst Periode fir de Biergbau an der Regioun,
  • déi technologesch a mënschlech Entwécklung vun de Minnen am Laf vun der Zäit,
  • d’Verschwanne vun dëser Industrie zu Lëtzebuerg,
  • den Impakt vum Biergbau op d’Regioun an hir Awunner,
  • an d’Fro, wat een enger neier Generatioun d’Erënnerung un dës Epoch ka viruginn.

Als Guide huet den Dario och eng besonnesch Passioun fir Modelle vun der Minnen-Industrie, déi hie elwer baut. Heiriwwer gi mer och méi an dësem Episod gewuer.

© Minett UNESCO Biosphere

Eise Quiz:

A wéi engem Joer gouf dat éischt Eisenerz offiziell zu Rëmeleng verkaaft?

  1. 1872
  2. 1863*
  3. 1891

Wéi laang war d’Seelbunn vun Ëtteng op Déifferdeng, déi vun 1906 bis 1980 aktiv war, am Ganzen?

  1. knapp 7 Kilometer
  2. knapp 10 Kilometer
  3. knapp 13 Kilometer*

 

Links bei d’Sujete vun dësem Episod:

  • Musée National des Mines de Fer – nationale Minnemusée zu Rëmeleng, deen un den Ofbau vun der Minett zu Lëtzebuerg erënnert
  • Ëtteng – franséisch Uertschaft un der Grenz bei Rëmeleng
  • Minière Thillebierg – gréisst Minière zu Lëtzebuerg, déi bis November 1981 funktionnéiert huet
  • Streik vun 1921 – Aarbechtskampf vun de Mineuren a Schmelzaarbechter fir besser Aarbechtskonditiounen
  • Ëttenger Seelebunn – Seelebunn, déi Minett-Steng vun der Minière zu Ëtteng an d’Schmelz op Déifferdeng bruecht huet
  • Monument National des Mineurs – Denkmal op der Léiffrächen, wat un déi Doudeg aus de Lëtzebuerger Minnen erënnert
  • CS Uewerkuer – Fussballveräin aus der Gemeng Déifferdeng

 

Kontaktéiert eis:

    +352 26 17 97 1