Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow
quote quote

Start vum Interreg Projet Cool Neighbourhoods!

D’Initiativ “Cool Neighbourhoods” am Kader vum Interreg Northwest Europe Programm huet ugefaangen! D’Evenement, wat den 13. Juni zu Middelburg an Holland war, huet innovativ Methoden aus verschiddene Perspektive presentéiert a sech op d’Aféierung vun innovative Projetsiddien a Fuerschungsmethoden konzentréiert. Mat dëse soll d’Wuelbefanne vun den Awunner verbessert ginn, andeems Hëtztstress an urbane Gebidder reduzéiert gëtt.

D’Evenement fir de Start vum Projet “Cool Neighbourhoods” war e grousse Succès an huet iwwer 100 Participanten aus ganz verschiddene Beräicher zesummebruecht. Besonnesch vill jonk Visiteuren hu sech engagéiert, interesséiert an inspiréiert gewisen, fir Mesure géint den Hëtztstress a vulnerabelen urbane Gebitter vun Nordwesteuropa z‘ergräifen.

 

D’Participanten haten d’Méiglechkeet sech ze vernetzen a sech iwwer Léisungen ze fir d’Reduktioun vun Hëtztstress z‘informéieren, SiD Methoden, Finanzéierungsoptioune fir konkret Moossnamen an Ökosystem-baséiert Stadplanung kennenzeléieren. D’Keynote-Spriecher hunn iwwer hir Erkenntnisser an an Erfarungen an dësem Beräich geschwat an nei Iddien an Kollaboratiounen tëscht de Leit, déi present waren, ugereegt.

D’Evenement war e grousse Succès an d’Participante sinn inspiréiert a motivéiert Heem gefuer, fir méi gréng a méi nohalteg Quartieren an Nordwesteuropa ze Schafen. D’Stad Middelburg, als Leadpartner, war begeeschtert esou e produktiven Dag, deen och stimuléiert huet, ze organiséieren a freet sech op de weideren Erfolleg vum “Cool Neighbourhoods“ Projet zesumme mat Kontributioune vum Interreg North Sea Projet Cool Cities an dem Northwest Europe Green Dense Projet.

Mat enger Investitioun vun 9,3 Milliounen Euro, iwwer dräi Joer, wäert den Interreg Projet “Cool Neighbourhoods“ iwwer 30.000 m2 ëffentleche Raum duerch Begréngungsmoossnamen an de Stadzentren, gréngen Hubs a wirtschaftlech benodeelegt Gebidder an Holland, der Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg transforméieren. D’Zil vum Projet ass et, Aktiounspläng z’entwéckele fir Hëtztstress an der Noperschaft ze begrenzen a Léisunge fir Gebaier an ëffentlech Plazen ëmzesetzen, déi d’Resilienz vun den Noperschafte verbesseren.

Maacht Iech e Bild vum Optakt vun de Cool Neighbourhoods

Wärend der Manifestatioun hunn Decideuren, Fuerscher, de Schäfferot vu Middelburg an aner Experten d’Wuert ergraff, fir hiert Wëssen a praktesch Erfarungen iwwer d’Reduktioun vun Hëtztstress ze deelen.

Interreg NWE Cool Neighbourhoods from TjoonkGVL on Vimeo.

The kick-off video starts at 23:35 minutes.

Den Interreg-Projet “Cool Neighbourhoods” integréiert sech perfekt an d’Dekarboniséierungsstrategie vun der Minett UNESCO Biosphere .