Vum 3. bis de 7. Juli huet déi däitsch UNESCO-Kommissioun, an Zesummenaarbecht mam däitsche Comité vun de Biosphärereservater, op den EuroMAB 2024 invitéiert. Zu Lutherstadt-Wittenberg, an der Mëtt vum Elbe River Landscape Biosphärereservat, hu sech 250 Participanten aus den 41 Länner vun Europa an Nordamerika getraff, déi Member am EuroMAB-Reseau sinn, dem gréisste regionalen Netzwierk vun UNESCO-Biosphärreservater op der Welt.
© Deutsche UNESCO-Kommission e.V./Stefanie Wetzel
Erausfuerderunge vum Klimawandel am Fokus
Dës Kéier war de Fokus vum Kongress, deen all zwee Joer ass, d’Roll, déi d‘UNESCO Biosphärreservater vis-à-vis vun den Erausfuerderunge vum Klimawandel spille kënnen. En anere Punkt um Ordre du Jour vum Kongress war d’Opstelle vun enger Iddien- a Fuerderungslëscht, déi an déi nei 10-Jores- Strategie vum Weltnetz vun den UNESCO-Biosphärereservater soll agebaut ginn. Dës nei Strategie wäert um Weltkongress zu Zhangzhou Enn September 2025 ugeholl ginn an d’Lima Strategie fir d’Entwécklung vun de Biosphärreservater vun 2016 ersetzen.
Nodeems all Participanten am Laf vum Méindeg ukomm sinn, huet den EuroMAB 2024 en Dënschdeg de Moie mat enger Plenière am Wittenberger Stadthaus ugefaangen. No der Begréissung duerch Vertrieder vun der Stad Wittenberg, dem däitsche MAB-Comité, dem Sekretär vum UNESCO-Programm “Man and the Biosphere” an dem Chef vum Elbe River Landscape Biosphärereservat, huet de Kongress mat engem Virtrag vum Professer Josef Settele aus dem Helmholtz Centre for Environmental Studies ugefaangen. Den däitsche Professer huet déi scho siichtbar Konsequenze vum Klimawandel beliicht an d’Wichtegkeet vu lokale Projeten ervirgestrach, déi et Mënsch an Natur erméigleche sech un de Klimawandel unzepassen an d’Biodiversitéit z’erhalen.
Un dës Keynote hu sech Paneldiskussiounen a Presentatioune vu verschiddene Projeten aus eenzelne Biosphärenreservater, déi aktiv dozou bäidroen, d’Konsequenze vum an de Klimawandel am allgemengen ze reduzéieren, ugeschloss. D’Plenière huet bis an déi fréi Owesstonne gedauert.
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Däitsch Ëmweltministesch betount d’Roll vu Biosphärereservater
Den Dag gouf duerno mat enger offizieller Receptioun a Presenz vun der Presidentin vun der däitscher UNESCO-Kommissioun, dem Vizepremier vu Sachsen-Anhalt an der däitscher Ëmweltministesch Steffi Lemke ofgeschloss. D’Madame Lemke huet d’Wichtegkeet vun enger nohalteger wirtschaftlecher Aktivitéit betount, d’Roll vun de Biosphärereservater am Kampf géint d’Klimakris ervirgehuewen an d’Wichtegkeet vu Collaboratiounen, wéi se am EuroMAB-Netz méiglech sinn, ënnerstrach. Dës Zesummenaarbecht, esou d’Steffi Lemke, kann eng Pionéierroll bei der Ëmsetzung vun innovativen Ëmweltiddie spillen.
Um Mëttwoch kruten déi 250 Participante vum Kongress en Abléck a konkret Ëmweltschutzmoossnamen am Elbe River Landscape Biosphärreservat, déi hei laanscht de Floss Elbe realiséiert ginn. Si konnten d’Sitte vum UNESCO-Weltierwen um Territoire vum Biosphärereservat besichen a lokal, nohalteg produzéiert Liewensmëttel aus der Regioun schmaachen.
Den Donneschdeg stoungen iwwer 20 verschidden Atelieren um Programm, an deene konkret un der Entwécklung vum EuroMAB-Reseau sengem Fuerderungskatalog fir de Weltkongress 2025 geschafft gouf. Ëmweltausbildung, intergenerationell Zesummenaarbecht, Nature Based Solutions, nohaltegen Tourismus a eng besser digital Connectivitéit vum Weltnetzwierk vun den UNESCO-Biosphäre waren nëmmen e puer vun de Sujeten, déi an dësen Ateliere behandelt goufen.
Deklaratioun fir d’Erstelle vun neier Strategie
Um Enn vum EuroMAB 2024 gouf d’Aarbecht un der Deklaratioun vum gréisste regionalen Netzwierk bannent dem „Man and the Biosphere“-Programm, fir d’Entwécklung vun der Zhangzhou-Strategie ofgeschloss an e Freideg de Moie guttgeheescht. Ier d’Participanten nees heem gefuer sinn, gouf, als Ofschloss vum Kongress, den nächsten EuroMAB-Kongress ugekënnegt. 2026 gesi sech d‘Vertrieder vun den aktuell 309 Biosphären aus 41 Länner an der kanadescher Mount Arrowsmith Biosphere Regioun op Vancouver Island, fir hir gemeinsam transnational Relatioune virun ze verdéiwen.
Hei fannt Dir d’Deklaratioun vun EuroMAB 2024.
![]() |
![]() |
![]() |