Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Mission Zéro Carbone: Aarbechtssitzung am Ellergronn

Leschte Freideg, de 26. Abrëll, huet sech e multidisziplinäre Grupp aus Gemengentechniker, Klimaberoder a Vertrieder vum Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung am Ellergronn getraff, fir weider un der konkreter Ëmsetzung vun der „Mission Zéro Carbone“ ze schaffen.

Déi ronn 30 Participante sinn an zwou getrennten Aarbechtsgruppen zesummekomm fir un der Ëmsetzung vun der Dekarbonisierungsstrategie vun der Minett UNESCO Biosphere ze schaffen. D’Versammlung vun de Gemengevertrieder huet d’Aufgaben an d’Roll vum Comité Technique diskutéiert, den Aktiounsplang fir dëst an d’nächst Joer, d’Opstelle vu spezifeschen Aarbechtsgruppen an d’Fro, wéi d’Populatioun fir dëse Sujet ka sensibiliséiert ginn.

Den Aktiounsplang fir 2024 an 2025 gouf och dem Aarbechtsgrupp vun de Klimaberoder virgestallt. Duerno gouf an dëser Reunioun diskutéiert wéi eng Indicateure fir eng regional Iwwerwaachung vun den Zäregasemissiounen néideg sinn a wéi dës Donnéeë gesammelt kënne ginn.

D’Resultater vun deenen zwou Aarbechtssitzunge ginn elo un déi politesch Vertrieder vun den 11 Gemengen am PRO-SUD-Büro weidergeleet, fir se a Koordinatioun mat de Gemengen an de verschiddene Ministèren, déi an der „Mission Zéro Carbon“ wäerten involvéiert ginn, ëmzesetzen.

© Syndicat PRO-SUD / Minett UNESCO Biosphere