De Syndicat PRO-SUD, déi politesch Struktur, déi d’Minett UNESCO Biosphere geréiert, an d’ Societéit AGORA hunn eng nei Etapp an hirer internationaler Ouverture ugefaangen, andeems si dëse Méindeg um Sëtz vun AGORA um Belval e Memorandum of Understanding (MoU) mat Vertrieder vun der Stad Zhengzhou (Volleksrepublik China) ënnerschriwwen hunn. Dës Ënnerschrëft markéiert de Start vun enger Zesummenaarbecht an de Beräicher nohalteg Stadentwécklung, ekologesch Transitioun an territorial Innovatioun.
Eng Zeremonie am Häerz vu Belval – Symbol vun der Transformatioun
D’Zeremonie, déi um Belval war, enger emblematescher Plaz fir d’Transformatioun vun engem fréieren Industriesite an en diverse Quartier mat der Universitéit, Fuerschungszentren, enger grousser kultureller Offer, Wunnengen an ekonomeschen Aktivitéiten. Déi erhalen Héichiewen erënneren un de Wëllen, industriellt Ierwe mat moderner urbaner Entwécklung ze verbannen.
No der Signatur huet d’Delegatioun de Site besicht, ier si de Moie mat enger Visitt an der Maison de l’Innovation ofgeschloss huet, wou ë. a. de Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) a Luxinnovation doheem sinn.
E Kooperatiounskader ronderëm fënnef strategesch Prioritéiten
De MoU setzt e Kooperatiounskader fest, deen sech ronderëm fënnef Haaptachse strukturéiert :
- Klimawandel
- Energietransitioun
- Biodiversitéit an d‘Gestioun vun Ekosystemer
- Smart Cities
- Economie Circulaire
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Konkreet gesäit dës international Partnerschaft e Wëssensaustausch, organiséiert Visitten an den Echange tëscht dem Personal vun den eenzele Strukturen an Experte vir, an engem definéierte Kader, dee gemeinsam Projeten erméigleche kéint.
Partner fir eng international Zesummenaarbecht
Ënnert de Perséinlechkeeten, déi bei der Signature vum Memorandum of Understanding dobäi waren, ware S.E. HUA Ning, Ambassadeur vun der Volleksrepublik China zu Lëtzebuerg, souwéi den MA Zhifeng, Vize-Buergermeeschter vun der Stad Zhengzhou.
Op Lëtzebuerger Säit hunn de Christian WEIS, Buergermeeschter vun der Stad Esch-Uelzecht a President vum PRO-SUD, d‘Yannick QUEVEDO, Generaldirectrice vun AGORA, an de Bruno THÉRET, Vize-President vun AGORA, un der Zeremonie deelgeholl. Eng Delegatioun vu chineeseschen Entrepreneuren, déi vum 8. bis 11. Mee 2026 op offizieller Visit zu Lëtzebuerg waren, war, genee ewéi och Vertrieder vum LIST a Luxinnovation present.
Eng gemeinsam Visioun – iwwer Grenzen eraus
A senger Ried huet de Christian WEIS d’Déift vun den historesche Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a China ervirgehuewen an op e gemeinsame Patrimoine verwisen, verbonne mat der Stolindustrie an de Erausfuerderunge vun der Rekonversioun. Hien huet och d’Roll vu PRO-SUD ënnerstrach, e Gemengesyndikat, wat eelef Gemengen am Süde vu Lëtzebuerg zesummebréngt, esou wéi dem Syndikat säin Engagement fir d‘Minett UNESCO Biosphere.
A senger Ried huet de Christian WEIS gesot: „D’Erausfuerderungen, virun deene mir stinn, si gréisstendeels déi selwecht. De Klimawandel kennt keng Grenzen. (…) Wat ënnerschiddlech ass, sinn d’Skalen, d’Kontexter an d’Methoden. An genee do läit de Räichtum vun eiser Partnerschaft.“
Als Maître d’Ouvrage vun der Ëmgestaltung vum Belval bréngt AGORA unerkannt Kompetenzen an urbaner Regeneratioun, Kreeslafwirtschaft an der Entwécklung vu grouss ugeluechte Projeten an. De Bruno THÉRET huet, a senger Ried, d’Bedeitung vum Projet Belval ënnerstrach: „Belval weist, datt eng industriell Friche ni nëmmen eng Vergaangenheet ass, déi ee muss geréieren: Si ass eng Ressource (…) aus där e Gebitt sech nohalteg nei erfanne kann.“
Ufank vun enger internationaler Partnerschaft
Mat dësem MoU leeë PRO-SUD, AGORA an d’Stad Zhengzhou d’Grondlage fir en operationellen Dialog, fir op Dauer Initiativen a Kooperatiounen zu Theme wéi Energie, Biodiversitéit, intelligent urban Léisungen a Kreeslafwirtschaft op de Wee ze bréngen an dat mat engem gemeinsamen Zil: d’Liewensqualitéit ze verbesseren an d’Resilienz vun de Territoiren ze stäerken.


