Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

“Grouss Botz” an eiser Biosphär

De Littering ass e Phenomen, wat permanent d’Naturraim zu Lëtzebuerg, also och an der Minett UNESCO Biosphere belaascht. Am Joer 2015 huet all Awunner aus dem Grand-Duché an der Moyenne 1,6 Kilo Dreck pro Joer an d’Natur geheit.  Knapp 30% vum Knascht, dee wëll ewechgeheit gëtt ass aus Metall, woubäi d’Béierbéchsen an d’Béchse vun den Energiedrinks d’Majoritéit vun de metalleschen Offäll ausmaachen.

Am Joer 2015 sinn, der Ëmweltverwaltung no, 103 Kilo Dreck pro Kilometer Nationalstrooss an esouguer 216 Kilo pro Kilometer Autobunn vun ëffentlechen Instanzen opgeraf ginn. Ma net just laanscht déi grouss Stroossen, och laanscht klenge Weeër an esouguer matten an de Bëscher an Naturschutzgebitter gëtt ëmmer nees Knascht ewechgeheit.

Ëmsou méi wichteg ass et, datt sech quasi all d’Gemengen an der Minett UNESCO Biosphere engagéieren an zesumme mat hiren Awunner op fräiwëlleger Basis am Fréijoer den Dreck an d’Natur sammele ginn.

Rendez-vouse vum 9. bis den 23. Mäerz

Den Optakt vun der grousser Botz an den 11 Gemengen, déi dem Biosphärereservat ugehéieren, ass dësem Joer Fréijoer um Samschdeg, dem 9. Mäerz. D’Stad Rëmeleng rifft jiddereen op, dee Loscht an Zäit huet, deen Dag fir 9:00 Auer op d’Maartplaz (Place Grande-Duchesse Charlotte) ze kommen a vun do aus en Tour an d’Natur ronderëm déi südlechst Stad vum Land ze maachen. Méi Informatioune kritt Dir hei.

De 16. Mäerz gëtt den Dreck zu Schëffleng, Suessem, Käerjeng a Monnerech gesammelt

D’Gemeng Schëffleng an hir Ëmweltkommissioun organiséieren dann e Samschdeg, de 16. Mäerz 2024 hir grouss Fréijoersbotz. De Rendez-vous ass hei moies um 9.15 Auer um Parking vum Hall Polyvalent. Mëttes gëtt e gudde Maufel bei de Gemengenatelieren z’iessen. Aus organisatoresche Grënn, muss ee sech awer bis spéitstens de 7. Mäerz umellen. D’Detailer kënnt Dir op dësem Flyer noliesen.

Zu Käerjeng start déi grouss Botz moies um 9:00 Auer um Parking beim „Dribbel“ fir d’Awunner vu Lénger, Nidder- an Uewerkäerjeng, bei der aler Gemeng fir d’Awunner vu Kënzeg a beim Festsall zu Féngeg fir den Tour ronderëm Féngeg. Méi Detailer kritt een no der Umeldung.

An der Gemeng Suessem geet et eng Stonn méi spéit, also um 10:00 Auer op de Botztour an dat an all de véier Uertschafte vun der Gemeng. Zu Suessem selwer ass de Rendez-vous bei der Sportshal, zu Zolwer um ale Basketsterrain (Place de l’indépendance), zu Éilereng beim Kulturschapp an zu Bieles virun der Gemeng. Um 12:00 Auer offréiert d’Gemeng Suessem dann deenen, déi matgehollef hunn, eng Geméiszopp an e klenge Patt um Matgesfeld. Wie matgoe wëll, soll sech esou séier ewéi méiglech iwwer dëse Link umellen.

Déi véiert Gemeng, wou de 16. Mäerz mobiliséiert gëtt ass Monnerech. Genee ewéi d’Gemenge Käerjeng a Suessem sinn och hei direkt e puer Botzaktiounen. Eng zu Monnerech selwer an eng zu Biergem. Eng Umeldung, bis den 10. Mäerz, ass och hei erwënscht.

Beetebuerg, Déifferdeng, Esch, Käl a Péiteng botzen d’Natur den 23.03.

Mat Zäite gëtt bei de Gemengenatelieren „an der Léier“ zu Péiteng mat der „Kuer fir d’Natur“ gestart. De Rendez-vous fir hei matzegoen ass schonn um 8h00. Vun 12h30 un organiséiert d’Gemeng Péiteng da bei de Gemengenatelieren e grousst Ofschlossfest vun der Botzaktioun, wou et Ierbsebulli a Gegrills, Kanneranimatioun an Informatiounsstänn fir Grouss a Kleng gëtt. Wie participéiere wëll ka sech bis den 8.3. umellen.

Um hallwer 9 ass de Rendez-vous fir déi, déi interesséiert sinn zu Esch mat op d’Sich no Dreck ze goen, deen näischt an der Natur verluer huet. Op der Plaz virum Stadhaus sinn den Depart an d’Arrivée vun den eenzelen Tier. No enger klenger Stäerkung geet et moies a Gruppe vu ronn 9 Leit an d’Natur vun der zweetgréisster Stad vum Land. Beim Retour ass vun 12h00 un och nach e klengt Mëttegiesse fir d’Participante geplangt. Wéi och an den anere Gemenge sollen déi Interesséiert sech umellen, an dat bis spéitstens den 22. Mäerz.

Eng hallef Stonn méi spéit, also um 9h00 geet déi grouss Botzaktioun zu Déifferdeng lass. Direkt 11 verschidden Tier duerch d’Parken, d’Wisen an d’Bëscher aus der ganzer Gemeng si virgesinn. Beim Retour, dee fir 12h30 geplangt ass, soll eng grouss Gruppefoto mat all de Fräiwëllegen, déi gehollef hunn, gemaach ginn, an duerno gëtt et dann och nach e (vegetareschen) Ierbsebulli. Et kann ee sech direkt iwwert e Formulaire um Website vun der Déifferdenger Gemeng aschreiwen.

An der Gemeng Beetebuerg gëtt an direkt zwou Uertschaften eng „Grouss Botz“ gestart. Deen ee Rendez-vous ass zu Beetebuerg selwer an deen aneren zu Hunchereng. Lass geet d’Aktioun hei all Kéier um 10h00 a wien dobäi wëll sinn, kritt méi Informatiounen, wann e sech bis den hallwe Mäerz beim Beetebuerger Service Écologique umellt.

D’Gemeng Käl invitéiert jiddereen un hirer Aktioun “Grouss Botz 2024” deelzehuelen. De Rendez-vous ass hei, wéi och zu Beetebuerg, um 10h00 beim Gemengen-Atelier zu Téiteng. No der Aktioun ass all Participant häerzlech vum Schäfferot op en Aperitif mat Mëttegiessen invitéiert. Wie matmaache wëll ka sech bis spéitstens de 15.03.2024 hei umellen.

Merci un all déi, déi sech engagéiere fir d’Natur vun eisem Biosphärereservat

Egal a wéi enger vun de Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere Dir Iech engagéiere wëllt fir d’Parken, d’Wisen an d’Bëscher vun eisem Biosphäreresevat vun Dreck a Knascht, deen einfach esou an d’Natur gepucht ginn ass, ze befreien, heescht et fest Schong un de Féiss ze hunn a sech de Wiederkonditiounen entspriechend ze kleeden.

D’Material, ewéi Tuten a Pincë, mat deenen een den Dreck opsammele kann, gëtt gréisstendeels vun de Gemengen zur Verfügung gestallt. Et kann allerdéngs sinn, datt Dir gebiede gitt verschidde Saache matzebréngen. Dat kritt Dir dann awer matgedeelt, nodeems Dir Iech ageschriwwen hutt.

Nieft den Aktivitéiten, déi am Mäerz vun de Gemengen organiséiert ginn, invitéiert de Liichtathletikveräin RBUAP Iech am Fréijoer all éischte Sonndeg vum Mount op e Plogging. Beim Plogging geet ee joggen a reeft an engems Dreck op, dee laanscht de Wee läit, deen ee leeft. Hei fannt Dir d’Rendez-vouse fir d’Ploggingen an de Méint Mäerz, Abrëll a Mee.