Och wann déi lescht Dagebaugebidder an der zweeter Hallschent vun den 1970er zougemaach goufen a mam Thillebierg 1981 och déi lescht Minière am Land fir ëmmer zougemaach ginn ass, kann een haut nach erliewen, wéi fréier an de Minne vum Minett geschafft ginn ass.
Zwou Plazen si fir de Public um Gebitt vun der Minett UNESCO Biosphere accessibel an hei kritt dir en Abléck, ënnert wéi enge Konditioune fréier déi rout Steng aus dem Buedem geholl goufen.
Musée National des Mines de Fer (Rëmeleng)
![]() |
![]() |
![]() |
© CNCI / Minett UNESCO Biosphere
An de Galerie vun der Minn “Walert”, an där tëscht 1891 an 1963 d’Minette ofgebaut gouf, kënnt dir eng Rees zeréck an d’Vergaangenheet vum Biergbau zu Lëtzebuerg ënnerhuelen. Zesumme mat engem Guide geet ët hei 70 Meter ënnert d’Uewerfläch an op zwee verschiddenen Niveaue kritt een op enger Visite Guidée en Androck wéi haart den Alldag vum Mineur war. Donieft gëtt een an de knapp zwou Stonne vun der Visitt och méi iwwert d’Geschicht vum Biergbau an der Regioun, esou wéi iwwert d’Geologie vum Minett gewuer.
De Musée des Mines ass bis Enn September vun Donneschdes bis Sonndes am Nomëtteg op, an de Méint Juli an August och Dënschdes a Mëttwochs am Nomëtteg. Nieft den normale Visite Guidéeë kann een awer och eng “virtuell” Visitt maachen, déi hei vun der Chargée de direction vum Musée des Mines, Raffaella Campobasso, erkläert gëtt:
Méi Informatiounen iwwert de Musée des Mines fannt dir op hirem offiziellen Internetsite.
A wann Dir d’Minn Walert op eng speziell Manéier entdecke wëllt, da mellt Iech einfach fir den Trail des Mines 2025 un. Do kënnt Dir den 29. Juni selwer duerch d’Minn lafen.
Minièresbunn “Doihl” (Fond-de-Gras)
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Eng aner Plaz, wou een de Minett vu bannen entdecke kann ass am Fond-de-Gras. Vun hei aus fiert tëscht Mee an Enn September d’Minièresbunn all Sonndeg duerch d’Minière Doihl. Dës Minière, déi vu Rodange op Lasauvage gaangen ass, an 1930 nom Zesummeschloss vun der Rodanger an der Zowaascher Minn entstanen ass, ass d’Doheem vun der Asbl, déi 1990 gegrënnt ginn ass.
Am Haapttunnel tëscht dem Rodanger Doihl an dem Carreau Minier vu Lasauvage zirkuléieren, op 1,4 Kilometer Längt Minièreszich, déi ee bequeem aus dem Fond-de-Gras kann huelen an déi een dann an dat klengt Mineursduerf un der franséischer Grenz bréngen. Hei kann een dann iwwerierdesch duerch Lasauvage oder eriwwer op Saulnes a Frankräich virufueren.
Et ware Membere vum Train 1900, dee schonn an den 1970er gegrënnt gouf, déi 1990 d’Iddi haten d’Offer fir d’Visiteure vun der historescher Eisebunn z’erweideren. De Joël Miltgen, aktuelle Präsident vun der Asbl, erkläert de Start vun der Minièresbunn Doihl:
Haut besëtzt d’Minièresbunn Doihl 51 Lokomotiven an déi ronn 25 Benevoller këmmeren sech net just drëms d’Zich fueren ze loossen, mä schaffen och un hirer Conservatioun a Renovatioun a kucken d’Schinnennetz an déi al Eisenäerzminn a Stand ze halen. A bis Enn September kann een all Sonndeg mam Zuch duerch d’Minn fueren.
Déi genee Horairen a weider Detailer stinn op der Homepage vun der Minièresbunn.
Musée Mine Cockerill (Ellergronn)
Am Ellergronn zu Esch-Uelzecht ass eng weider Plaz, wou een e gudden Androck vun der Aarbecht a vum Liewe vun de Mineure ka kréien: de Musée Mine Cockerill.
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Hei kënnt een zwar net direkt an d’Galerië vun de Minnen eran, mä et kann een hir Entréeë gesinn an de Musée presentéiert eng grouss Kollektioun u Géigestänn, déi d’Mineure bei hirer Aarbecht ënnert dem Buedem gebraucht hunn.
Donieft sinn den Trapenschacht, deen et esou just am Ellergronn ze kucke gëtt, an d’Salle des pendus, wou d’Biergaarbechter sech virun, respektiv no hirer Schicht aneschters ugedoen hunn absolut kuckenswäert.