Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

E WËSSENSCHAFTLER UM BÜRO

Zenter dem 1. September schafft en neie Stagiaire mat der Equipe vun der Minett UNESCO Biosphere am Ellergronn. De Mahmoud Hashoush ass e jonken Ëmweltwëssenschaftler a Fuerscher.

Iwwert de Mahmoud

De Mahmoud ass e jonke Libanes, dee momentan zu Mailand an Italien e Master an Ëmwelt- a Buedemwëssenschaften an -technologie mécht. Bei senger Fuerschung interesséiert hie sech virum allem duerfir, wéi sech Ëmweltchangementer (egal ob vum Mënsch verursaacht oder natierlecher) op d’Gesondheet vun Ökosystemer (an d’Komponente vun dëse Systemer) a schlussendlech och op d’Gesondheet vum Mënsch auswierken. Doriwwer eraus ass de Mahmoud e begeeschterte Jugendaktivist, dee fest un d’Energie vun der jonker Generatioun an hir Fäegkeet gleeft, e positive soziale Changement bewierken ze kënnen.

Seng Missioun

Am Kader vu sengem Engagement fir säi Fuerschungsprojet an als Coordinateur vun de Jugendaktiounen, wäert hie net just säi Master iwwer d’Auswierkunge vum Biergbau op d’Ëmwelt vum Minett ënnersichen, mä hie wäert och no Méiglechkeete kucken, wéi hien déi lokal Jugend fir d’Wëssenschaft an d’Ëmwelt begeeschtere kann.

De Fuerschungsprojet

Den Haaptbut vum Projet de Recherche ass et duerch eng buedemökotoxologesch Etüd erauszefannen, ob de Ofbau vun der Minett an d’Stolproduktioun aus de vergaangene Joerzéngten d’Buedemqualitéit am Minett beanträchtegt hunn. Esou wäit mir wëssen, gëtt dës Etüd eng vun den éischte buedemökotoxologeschen Etuden, déi bis ewell am Grand-Duché realiséiert goufen.

D’Etüd start mat der Identifizéierung vun de Sitten, déi potentiell cheemesch verknascht goufen; heifir gouf eng detailléiert Kaart iwwert d’Minièresaktivitéiten erstallt. Duerno ginn dës Sitten duerch d’Utilisatioun vun elaboréierten Teledetektiounsoutilen an enger detailléierter Raumanalys lokaliséiert, fir de Wee fräizemaachen op eng effektiv Manéier Buedemprouwen ze huelen an dës duerno z’analyséieren. Duerno gëtt viru gefuerscht andeems Modellorganisme verschiddene Buedemprouwen (esou gutt Prouwen, déi gesammelt goufen, ewéi och syntheetescher) in vitro ausgesat ginn, fir eventuell toxesch Reaktiounen, déi optriede kéinten, ze constatéieren.

Engagement vun der Jugend

Am Aklang mat den Ziler vum UNESCO-Programm „Man and the Biosphere“ freet de Mahmoud sech drop, Weeër ze fannen, mat deenen eng besser Connectioun tëscht dem Mënsch (virun allem deene Jonken) an hirem natierlechen Environnement kënnen etabléiert ginn. Dat wëll hien duerch Citizen-Science-Workshops, wëssenschaftlech Ausflich, Wëssensconcoursen an aner Aktiounen erreechen. E besonnesche Schwéierpunkt läit fir hien op der Wëssenkommunikatioun an der Populariséierung vun de Sciences, also um Konzept vun der Wëssenstransmissioun un de breede Public.