Retro 2024 Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Déi upgecycled Rucksäck vun de Minett Escape Games

Uganks Oktober goufen zu Diddeleng d’Escape Games vun der Minett UNESCO Biosphere virgestallt.

Déi zwou Outdoor-Schnitzeljuegten si speziell fir Jugendlecher am Alter vum 10 bis 13 Joer konzipéiert, sollen de Virwëtz stëppelen an e Bewosstsi fir d’Ëmwelt schafen. Duerch d’Léise vu Rätselen a kniwwelegen Aufgabe kréien d’Kanner op eng spilleresch a kreativ Aart a Weis neit Wëssen iwwer eis industriell Vergaangenheet, déi lokal Geologie an d’Biodiversitéit vun de fréieren Dagebaugebitter am Süde vu Lëtzebuerg vermëttelt.

Wärend engem Dagesausfluch an d’Naturschutzgebidder „Haard“ oder „Giele Botter“, déi och Kärzone vun eiser Biosphär sinn, kréien d’Kanner, ënnert der Opsiicht vun hiren Enseignanten, aktiv Wëssen a Fäegkeeten am Zesummenhang mam eenzeg Biosphärereservat zu Lëtzebuerg vermëttelt.

D’Materialie vun den zwee Spiller ginn a praktesche Rucksäck transportéiert, déi aus recycléierte Calicote bestinn. Dës sinn eis vun der Fotografin Jess Theis, der Stad Déifferdeng an der Gemeng Péiteng zur Verfügung gestallt ginn. An den Ateliere vu Cooperations zu Wolz sinn dës al Calicoten zu Rucksäck verschafft ginn.

De Prozess, wéi e Werbebanner zu engem Rucksak fir d’Minett Escape Games transforméiert gëtt, gouf vun der Gemeng Péiteng an engem Filmreportage fir hire Gemengekanal RPL TV dokumentéiert.

Hei ass de Video: