Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

D’Äis briechen – Streesalz Alternativen

Ëmweltbewosst mam Streesalz ëmgoen

 

Obschonns Streesalz ëmweltschiedlech ass an och Gewässer, Biedem an d’Vegetatioun schiedegt, kënnt een an urbane Raim trotzdeem net ëmmer laanscht säin Asaz. D’Caroline Calmes an d’Nadine Grein vum Service Écologique vun der Gemeng Beetebuerg roden dozou spuersam mam Streesalz ze sinn a wa méiglech op Alternativen zeréckzegräifen.

 

Datt Streesalz schiedlech ass, ass mëttlerweil gewosst. Mer wëssen, datt ze vill Salz op der Strooss Mikroorganismen am Buedem an am Waasser schiedegt, d’Planze laanscht d’Stroosse beanträchtegt an am Laf vun der Zäit Beem an Hecke beschiedege kann. An de Stied fléisst d’Waasser, wat mat Salz verknascht ass, no an no an déi nächst Baachen oder Flëss: Déi laangfristeg Konsequenzen op d’Waasserleef si fir sech Suergen ze maachen.

Manner Salz ze benotzen, hëlleft also dobäi, déi biologesch Diversitéit an urbane Raim z’erhalen. Mä wéi kann een de Salzverbrauch reduzéieren?

Verzichten, wann et méiglech ass

 

Wann Dir d’Chance hutt, vun doheem a mat flexibelen Aarbechtszäite schaffen ze kënnen, da kënnt Dir d’Streesalz fir ëmmer op der Säit loossen a mat der Schnéischëpp erausgoen, esoubal Dir déi éischt Schnéiflacke virun der Fënster danze gesitt. D’Awunner aus den nordesche Länner wäerten Iech et confirméieren: Et ass besser e puer Mol am Dag erauszegoen an de Schnéi, dee grad gefall ass, an nach net gefruer ass, direkt ze schëppen, wéi op de Schluss vum Nidderschlag ze waarden, éier een seng Afaart propper raumt. Äre Kierper seet och Merci: Schnéischëppen ass en exzellente Cardio-Training.

Wann nom Schëppen nach ëmmer eng dënn, veräiste Schnéischicht um Buedem läit, da mécht et Sënn, kleng Quantitéite Salz ze benotzen.

„Dat Wichtegst ass d’Doséierung“, seet d’Caroline Calmes. „Streesalz ass am urbane Raum nach ëmmer akzeptéiert, well et dacks kee Wee dolaanscht gëtt, mä et sollt een esou wéineg ewéi méiglech benotzen.”

E Streeër benotzen

Hobbygäertner hunn dësen onverzichtbaren Artikel scho laang doheem stoen: Mat engem Streeër kann ee Salz a gerénge Quantitéiten an awer gläichméisseg iwwert eng glat Surface verdeelen. Dir kennt jo déi kleng Behälter op Rieder, mat de Lächer dran, déi un e Sift oder e Salzstreeër erënneren an déi een am Fréijoer oder Summer benotzt fir se mat Som oder Dünger ze fëllen, deen een am Gaart verdeele wëll.

„Et ass déi perfekt Method, fir Streesalz, ouni z’iwwerdreiwen, ze verdeelen.“, erkläert d’Nadine Grein. „Zousätzlech kann ee Geld spueren, well een ni méi Salz benotzt ewéi néideg an ee méi laang mat sengem Sak Streesalz kënnt.“

Sand oder Kaffisaz benotzen

“Als Alternativ zum Streesalz kann de Bierger och Sand huelen, wat op klenge Surface richteg effikass ass.“, verséchert d’Caroline Calmes. „Den Nodeel ass, datt et Knascht gëtt. Duerfir sollt de Sand mat Teppecher an der Entrée vum Haus kombinéiert ginn, déi sech ëm déi knaschteg Schong këmmere kënnen. Ech proposéiere Matten aus Kokosfasere virun d’Entréesdier an op d’Trapen dobaussen ze leeën, wann dat méiglech ass.“

Och Kaffisaz an esouguer hëlze Spéin funktionéiere richteg gutt.

Natierlech kënnt mam Asaz vun dësen alternativen, awer 100% ëmweltfrëndlechen, Solutioune Botzaarbecht op Iech duer, wann de Schnéi bis geschmolt ass. Et muss een de Sand zesummekieren an den Trottoir propper maachen, wann et nees méi waarm gëtt. Mä d’Méi lount sech.

 

Salzwaasser vun de Kornischonge benotzen

Dës Propos ass aussergewéinlech, ass awer viru kuerzem vun enger bayrescher Gemeng mat ganz gudde Resultater getest ginn. Mat dëser Solutioun kann een eng Ëmweltverschmotzung zwar net komplett vermeiden, mä et brauch een däitlech manner Salz, wat sécher positiv Konsequenzen op déi direkt Alentouren huet.

Just: Wéi kënnt een esou vill Kornischongswaasser? Hei zu Lëtzebuerg leie Produktioun a Verbrauch jo däitlech ënnert den Zuelen aus Däitschland. Eis Propos: Einfach am Fréijoer a Summer, wann Dir grillt, e perséinleche Stock uleeën, op deen een dann am Wanter kann zeréckgräifen.

D‘Alternativ Kaliumcarbonat

Zu Beetebuerg huet de Service Écologique bei senger Sich no Alternativen erausfonnt, datt an Italien an Éisträich e Produit benotzt gëtt, dee manner ëmweltschiedlech ass ewéi normaalt Streesalz. Et ass Kaliumcarbonat (carbonate de potassium), wat an der Oenologie gebraucht gëtt a vereenzelt och an der Landwirtschaft als Dünger an den Asaz kënnt. Sollt de Präis heifir eng Kéier zolitt zeréckgoen, da wier Kaliumcarbonat e gudden Ersatz fir Streesalz.

“Nach ass et e richteg deiere Produit, dee sech den normale Bierger kaum leeschte kann an deem och fir eng Gemeng net am grousse Stil fir de Wanterdéngscht a Fro kënnt.“, erkläert d’Caroline Calmes. Sollt Dir allerdéngs e Cousin hunn, dee Bauer ass an deen Iech eng kleng Quantitéit fir ze teste ka ginn, dann ass et e Versuch wäert.

Elo sidd Dir prett fir den nächste Schnéi a fir dëse sécher a propper ze raumen.