Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

City Nature Challenge 2022 – D’Resultater

De City Nature Challenge ass eng Manifestatioun, déi all Joer, vu Stied op der ganzer Welt organiséiert gëtt. Hei gi Bierger opgeruff esou vill ewéi Méiglech wëll Aarten z’observéieren an z’enregistréieren. Am Joer 2022 war e vum 29. Abrëll bis den 2. Mee.

Weltwäit hunn an dësem Joer am Ganzen 67220 Menschen un der 7. Editioun vum City Nature Challenge deelgeholl, 15000 méi ewéi bei der Editioun virdrunner! Am Ganze sinn 1694877 Beobachtunge vun der Biodiversitéit an 445 Regiounen aus 47 verschiddene Länner, dorënner och Lëtzebuerg, gemaach ginn. Sou konnte méi ewéi 50000 Aarten dokumentéiert ginn, vun deenen der 2444 rar/a Gefor/bedréit sinn. Hei fannt dir déi weltwäit Resultater.

Beobachtungen am ganze Grand-Duché

Lëtzebuerg war déi 4. Kéier beim City Nature Challenge dobäi. Organiséiert vum ‘naturmusée’, hu sech eng ganz Rei Partner dëst Joer bedeelegt. SICONA, SIAS, Minett UNESCO Biosphere, Natur- & Geopark Mëllerdall, Naturpark Our, Naturpark Öewersauer, LIST, FRAMEWORK, IMS, Bee Together an natur&ëmwelt Sektioun Stad hu Manifestatiounen organiséiert, bei deenen 401 Participanten am ganzen 7638 Observatioune gemaach hunn an eng 1340 verschidde Planzen- an Déierenaarte konnte fonnt ginn.

Weltwäit war d’Pissblumm (Taraxacum officinale) déi Aart, déi am meeschte gesi ginn ass. Zu Lëtzebuerg waren déi heefegst Planzen d’Bloderkraut oder wëlle Knuewelek (Alliaria petiolata – 117 Beobachtungen), déi grouss Sternmiere (Rabelera holostea – 84 Beobachtungen) an d’Bësch-Pissblumm (Taraxacum officinale – 80 Beobachtungen). Déi Déierenzort, déi am heefegste gesi gouf, ass de grousse Schleeck (Helix pomatia – 47 Beobachtungen). Ervirzesträichen ass, datt d’Unzuel vu Leit, déi matgemaach hunn, ëm 33% an d’Luucht gaangen ass. Bei den Observatioune war et e plus vun 30% a bei den Aarten, déi gesi goufen, e Plus vun 34% par Rapport zum leschte Joer.

Méi Informatiounen iwwert de City Nature Challenge 2022 kann een op der Websäit vum ‘naturmusée‘ oder op der lëtzebuergescher Säit vun iNaturalist fannen.