Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

13. UNESCO Jugendforum

De Mahmoud Hashoush, fréiere Koordinator vum Minett UNESCO Biosphere Youth Action and Research Project, huet an der lescht Woch Lëtzebuerg um 13. UNESCO Youth Forum vertrueden, dee vum 13. bis de 15. November zu Paräis war a bei deem déi sozial Auswierkunge vum Klimawandel am Mëttelpunkt stoungen.

De Mahmoud Hashoush, dee vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun op Paräis geschéckt gouf, ass e jonke libanesesche Fuerscher. De Schwéierpunkt vu senger Fuerschung läit an der Analys vun de Verbindungen tëscht Ëmwelt, Déieren an der mënschlecher Gesondheet. Aktuell mécht hien en Doktorat an der Ëmweltepidemiologie op der Universitéit vu Montpellier a konzentréiert sech doranner op den Impakt vun der Ëmweltverschmotzung, déi duerch Biergbau ausgeléist gëtt, op Doutgebuerten am Ecuador.

De Mahmoud war begeeschtert iwwer d’Konferenz an huet net nëmmen aktiv un den Diskussiounen deelgeholl, mee och un der Redaktioun an der Finalisatioun vun de Recommandatiounen, déi op dëser Konferenz gemaach goufen.

Am Kader vun der Renkonter tëscht Ministeren, déi sech ëm d’Jugend këmmeren, an de Participante vum Jugendforum huet de Mahmoud d’Klimawandelpolitik vun de Regierungen a Fro gestallt. Hien huet gesot: „Obwuel d’global Erwiermung eng planetär Kris ass, sinn hir Effekter net iwwerall op der Welt d’selwecht ze spieren, wat d’Wichtegkeet vum Konzept vun der Klimagerechtegkeet ënnersträicht. Trotz der ganz optimistescher an idealistescher Politik déi vill Länner bei sech doheem féieren (z.B. Europäesch Unioun), profitéiere verschidde Firmen nach ëmmer vu manner strengen Ëmweltoplagen an anere Länner.“ De Mahmoud huet gefrot: „Wéi garantéieren d’Ministeren, respektiv d’Regierungen, d’Klimagerechtegkeet wann et ëm international ekonomesch Aktivitéite geet?“

Beim Ausschaffen a finaliséiere vun de Recommandatiounen un déi 42. Generalkonferenz vun der UNESCO, huet de Mahmoud Hashoush d’Roll betount, déi Sport a Fräizäit spille kënnen. Senger Meenung no kënne Sport a Fräizäit net nëmme fir de Klimaschutz genotzt ginn, mä och fir e friddlecht Zesummeliewen a Konfliktregiounen. Den Delegéierte war besonnesch inspiréiert vun der Rees vum Maya Gabeira, UNESCO Championne fir den Ozean an d‘Jugend, an d‘Manéier wéi si Surfen a Sport fir Klimaaktivismus an -aktiounen notzt.

An der Ofschlossseance, an als Äntwert op eng Fro vun der Souria Saad-Zoi, Cheffin vum UNESCO Jugenddepartement, huet de Mahmoud zesummegefaasst wéi d’UNESCO an national oder lokal Decideuren d’Jugend op dräi Manéieren ënnerstëtze kënnen:

1) konkret Ënnerstëtzung vu jonke Leit a verschiddene privaten an ëffentlechen Institutiounen, duerch d‘Schafe vu Stagen an Aarbechtsplazen;

2) d’Wichtegkeet vum Monitoring an der Evaluatioun vun existenten an zukünftege Jugendprojeten an Engagementer fir sécherzestellen, datt dës Mesuren net just existéieren, mee och effikass sinn; a schlussendlech

3) war et, am Liicht vun der Reunioun mat de Ministeren, den Opruff un d’Cheffen an d’Decideuren nozelauschteren (wierklech nozelauschteren an net nëmmen ze héieren) wat d’Jugend ze soen huet.