Minett Mash-Up: Der Podcast über unsere Region TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

E schwieregt awer kreatiivt SUDTEC-Joer

De Bilan vun de SUDTEC-Ateliere vum Schouljoer 2020/21

D’Schouljoer 2020/21 war dat zweet, wat vun der Covid-19 Pandemie säi Stempel opgedréckt krut. Dat huet natierlech och bei Offeren gespillt, wou d’Kanner Ausflich maachen an iwwer participativ Atelieren eppes léiere kënnen. Kontaktbeschränkungen, de Verbuet vu Schoulausflich op nationalem Niveau an um Plang vun den eenzele Gemengen, huet d’Organisatioun vun de SUDTEC Atelieren am leschte Schouljoer alles Aneschters ewéi einfach gemaach.

Bis no der Ouschtervakanz konnten leider keng Atelieren organiséiert ginn. Eréischt duerno war et méiglech mat de Kanner dobaussen, respektiv am Krees vun hire Klassen och an hire Schoulen nees a Form vun Atelieren ze schaffen, och wann net all Klass direkt aus hirer Gemeng huet däerfen erausgoe fir un esou Aktivitéiten deelzehuelen.

Trotz dëse schwieregen Ëmstänn konnten am leschte Schouljoer eng 23 Klassen un Atelieren deelhuelen. Hei kruten iwwer 350 Schülerinnen a Schüler aus de Pro-Sud-Gemengen Ablécker an d’Spill vu Liicht a Schied oder d’Technik vum 3D-Drock.

Et goufen awer och 3 verschidden Atelieren dobausse fir d’Kanner organiséiert. Deen alleréischte war dee vum Blummenteppech beim Haus vun der Natur op der Kockelscheier, deen den 22. Abrëll gehale ginn ass. Hei sinn d’Kanner méi iwwert d’Blumme gewuer ginn, déi fir de Start vum Fréijoer grouss Deeler vun eiser Bëscher a richteg Blummewise verwandelen.

 

En aneren Atelier, deen am Laf vu leschte Schouljoer beim Haus vun der Natur konnt organiséiert ginn, wann de Landart-Atelier. Hei goung et drëm d’Kanner op d’Schéinheet vun der Natur opmierksam ze maachen a se dozou ze bréngen mat Hëllef vum Material, wat en an der Natur a ville verschidde Forme gëtt, kreativ ze ginn.

D’Resultater konnte sech natierlech weise loossen:

Deen drëtten Atelier, deen dobaussen organiséiert gouf, war beim Schëfflenger Kraidergaart. Zesumme mam Naturschutzsyndikat SICONA hat de Syndikat Pro-Sud d’Kanner aus de Schoulen hei an e Biotop gefouert an deem vill z’entdecke gouf.

Engersäits waren d’Déieren, déi am Weier beim Schëfflenger Kraidergaart doheem sinn. Anersäits sinn d’Kanner op d’Wichtegkeet vu Bongerten an d’Roll, déi Hecken a Wisen am Erhalt vun der Biodiversitéit spillen, sensibiliséiert ginn.

D’Artikelen iwwer d’Atelieren, déi am Hierscht waren, fannt dir hei an hei.