Minett Mash-Up: Der Podcast über unsere Region TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

SINNvoll-LAB

Am Kader vu SUDTEC war den 13. Oktober nees en Atelier fir eng Klass aus dem Cycle 2.1 vun der Escher Dellhéicht-Schoul.

© Lydia Pallucca 

D’École du Goût aus de Lëtzebuerger Naturparke war an de Süde komm fir de Kanner aus der Klass vun der Madamm Margot Bock eng Seance am „Éveil au Goût“ ze proposéieren.

© Lydia Pallucca 
© Lydia Pallucca 

No enger kuerzer Beschreiwung vun de fënnef Sënner, déi mir als Mënsch hunn, war et un de Kanner, déi duerno emol hiert Liblingsiesse beschriwwen hunn.

© Lydia Pallucca 
© Lydia Pallucca 
© Lydia Pallucca 

De Goût selwer ass du mat Hunneg, wou et zwou verschidden Zorten z’entdecke gouf, gekëddelt ginn. D’Kanner goufen esou drop opmierksam gemaach, datt dat selwecht Liewensmëttel verschidde Goûte kann hunn a konnte schlussendlech och mat Äppel an Nëss op enger Hunnegschmier erausfannen, datt d’Kombinatioun vu verschiddene Produiten d’Andréck, déi eise Geschmaachssënn kréie kann, wiessele kënnen.

© Lydia Pallucca 
© Lydia Pallucca 

Am Kader vum Programm SUDTEC, deen nach bis Enn vum Joer geet, entdecken nach 4 weider Schoulklassen aus de PRO-SUD Gemenge Suessem, Diddeleng, Beetebuerg a Péiteng d’Villfalt vum Goût bis Enn Oktober. Nieft dem SINNvollLAB sinn an den nächste Wochen och nach CircularLAB-Sessioune mat Kanner aus dem Cycle 4 vun de Grondschoulen aus dem Süde geplangt. An dësem Ateliere ginn d’Kanner par Rapport zur „économie circulaire“ sensibiliséiert.