Am Häerz vun der Minett UNESCO Biosphere, tëscht Schëffleng, Käl an Esch-Uelzecht, läit mam Brucherbierg–Lalléngerbierg eng vun de markantste Landschaften aus dem fréiere Bassin Minier. Wou fréier Minett am Dagebau ofgebaut gouf, erstreckt sech haut op 267 Hektar en nationaalt Naturschutzgebitt, an där dréche Wisen, Fielsen an oppe Landschaften aussergewéinlech Liewensraim bilden a wou een eng spektakulär Vue iwwert d’Regioun huet.
De Brucherbierg–Lalléngerbierg weist besonnesch gutt, wéi staark d’Geschicht vum Minett Natur a Landschaft bis haut präägt. No der Exploitatioun ass eng Landschaft zeréckbliwwen, déi vu roude Biedem, Fielsflächen, Ofbaufronten an industrielle Spuere markéiert war. Genee dës speziell Konditiounen hunn et der Natur erméiglecht, no an no ganz besonnesch Liewensraim ze entwéckelen.
Haut ass dëstt fréiert Dagebaugebitt gläichzäiteg Naturschutzgebitt, Kärzon vun der Minett UNESCO Biosphere an e beléiften Noerhuelungsraum.
Ee vun de wichtegste Liewensraim fir d’Bëschléierchen
Déi grouss oppe Flächen an Dréchewisen am Brucherbierg–Lalléngerbierg sinn e wäertvolle Liewensraum fir Déieren a Planzen, déi un dës dréchen a waarm Konditiounen ugepasst sinn.
Besonnesch wichteg sinn déi fréier Dagebauflächen fir Vullen, déi um Buedem bréien. D’Ëmweltverwaltung nennt notamment d’Bëschléierchen an de Bampiipsert. Déi fréier Minetter Dagebaugebidder zielen haut zu de wichtege Refugioune fir dës Aarten.
Dat gëtt och duerch méi rezent Donnéeën ënnerstrach: am Rapport 2025 vum COPIL Natura 2000 fir d’Minetter Dagebaugebidder gëtt de Lalléngerbierg als Haaptbrutgebitt vun der Bëschléierchen an den ënnersichte Minetter Dagebaugebidder identifizéiert.
Nieft de Vulle profitéieren och Orchideeën, Päiperleken, wëll Beien a Reptilie vun de spezielle Konditiounen an de fréieren Dagebaugebidder. D’Ëmweltverwaltung erkläert dës Biodiversitéit ënner anerem duerch déi nährstoffaarm Substrater, Fielsflächen an dat waarmt an dréchent Mikroklima vun de Sitten.
Wann d’Natur de roude Buedem zeréckeruewert
Nom Enn vum Eisenäerzofbau huet um Brucherbierg–Lalléngerbierg eng lues Transformatioun ugefaangen.
Op de fréieren Ofbauflächen hunn sech Dréchewisen entwéckelt. Déi oppen a fielseg Landschaft bitt haut Liewensraum fir eng spezialiséiert Flora a Fauna. Déi fréier Minièreslandschaft ass domat net verschwonnen. Si huet eng nei Funktioun kritt.
Genee dës Iwwerlagerung mécht de Site esou typesch fir de Minett: d’Industriegeschicht ass nach an der Form vun der Landschaft ze liesen, mee gläichzäiteg huet d’Natur dës Landschaft nei besat.
Fielswänn aus Minett-Gestengs, oppen Terrainen an déi ofwiesslungsräich Vegetatioun begleeden d’Visiteuren duerch de Site. Vun hei aus ergëtt sech och eng Vue a Richtung vum fréieren Industriegebitt Esch-Belval.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Marc Weis
Eng Landschaft, déi aktiv geschützt gëtt
Datt dës oppe Landschaft haut esou räich u Biodiversitéit ass, ass awer keng Selbstverständlechkeet.
Ouni Ënnerhalt géifen déi charakteristesch Dréchewisen no an no vu Beem a Gestrëpp iwwerwuess ginn. Fir déi oppe Liewensraim ze erhalen, ginn an de fréieren Dagebaugebidder dofir ënner anerem Flächen entbuscht a geméint. Och Wanderbeweedung mat de Minetter Schof a Geesse gëtt agesat.
Esou bleiwe sonneg Fielshabitater an Dréchewisen erhalen, vun deenen eng ganz Rei spezialiséiert Aarte profitéieren.
Dat mécht de Brucherbierg–Lalléngerbierg och zu enger Plaz, op där ee konkret gesäit, datt Naturschutz net nëmmen heescht Natur sech selwer ze iwwerloossen, mee heiansdo och aktiv Liewensraim ze fleegen an ze restauréieren.
De Brucherbierg–Lalléngerbierg zu Fouss entdecken
De Site ass besonnesch interessant, well Natur, Landschaft a Geschicht sech op enger Wanderung zesummen erliewe loossen.
Verschidde markéiert Weeër féieren duerch oder laanscht d’Naturschutzgebitt. Dozou gehéieren den Auto-pédestre Schëffleng, d’CFL-Wanderweeër 25 Käl–Schëffleng a 25a Esch/Uelzecht–Um Réimerwee.
Vu Schëffleng aus ginn et nach aner Méiglechkeeten, d’Landschaft ze entdecken. De Kaweechelcherspad féiert laanscht déi nërdlech a westlech Häng vum Brucherbierg. De Planéitewee„De Saturn“ verbënnt eng Wanderung mat Informatiounen iwwer de Sonnesystem an den Universum.
Fir déi, déi de Site méi genau entdecke wëllen, ginn och guidéiert Wanderungen duerch dat fréiert Dagebaugebitt ugebueden. Dobäi stinn ënner anerem d’Dréchewisen, charakteristesch Orchideeën- a Vullenaarten an déi néideg Schutzmoossnamen am Fokus.
Entdecken, ouni ze stéieren
D’Attraktivitéit vum Brucherbierg–Lalléngerbierg ass gläichzäiteg eng Erausfuerderung. Déi fréier Dagebaugebidder leien no bei den Uertschaften a ginn intensiv vu Spadséiergänger, Wanderer, Leefer a Vëlosfuerer genotzt.
Fir déi sensibel Liewensraim ze schützen, ass et dofir wichteg:
- op de markéierte Weeër ze bleiwen;
- Planzen net ze plécken oder ze beschiedegen;
- Déieren net ze fänken oder ze stéieren;
- déi ausgewise Rouzonen ze respektéieren;
- Hënn vum 1. Mäerz bis den 30. September un der Léngt ze halen.
Dës Reegele sinn notamment wichteg fir d’Vullen, déi um Buedem bréien. Hir Brutplaze reagéiere besonnesch empfindlech op Stéierungen.
An der Géigend: d’Entdeckung verlängeren
Eng Visitt vum Brucherbierg–Lalléngerbierg kann een ideal mat anere Plazen an der Géigend verbannen.
Dumontshaff
Net wäit ewech läit mam Dumontshaff eng ganz aner Naturlandschaft. Hei huet d’Renaturéierung vun der Uelzecht e Fiichtgebitt geschaf mat ideale Konditioune fir e Schutzgebitt fir Vullen, esou datt heirausser eng Natura-2000-Zon an en Naturschutzgebitt goufen E Léierpad féiert duerch d’Gebitt.
Centre nature et forêt Ellergronn
Zu Esch-Uelzecht bitt den Ellergronn en Ausgangspunkt, fir méi iwwer d’Natur an d’Naturschutzgebidder vun de fréiere Minetter Dagebaugebidder an d’Geschicht vum Biergbau am Allgemenge gewuer ze ginn.
Schëffleng entdecken
Ronderëm Schëffleng existéiert e ganzt Netz vu Wanderweeër, dorënner de Minett Trail, de Schëfflenger Bierg, „De Saturn“, de „Kaweechelcherspad“ an didaktesch Weeër beim renaturéierten Dumontshaff.
Eng Landschaft tëscht Industriegeschicht a Biodiversitéit
De Brucherbierg–Lalléngerbierg erzielt eng Geschicht, déi typesch fir de Minett ass.
Den Ofbau vun der Minett huet de Relief geformt an déif Spueren an der Landschaft hannerlooss. Nom Enn vum Ofbau hunn dës Spueren d’Basis fir nei Liewensraim geschaf. Déi fréier Minièren, hir Terrassen, Fielswänn an nährstoffaarm Biedem sinn haut Bestanddeel vun enger Landschaft mat engem héijen ekologesche Wäert.
Als Kärzon vun der Minett UNESCO Biosphere mécht de Brucherbierg–Lalléngerbierg dës Verbindung besonnesch gutt siichtbar: eng vum Mënsch verännert Landschaft, déi zu engem Refuge fir d’Natur ginn ass an déi haut geschützt, gefleegt a gläichzäiteg respektvoll erlieft ka ginn.
Hei läit wuel och déi eigentlech Faszinatioun vun dëser Plaz: D’Industriegeschicht vum Minett an d’Natur stinn sech net géintiwwer. Si hunn zesummen eng nei Landschaft geschaf.








