Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Lokal Produzenten besiche Produzentebuttek bei Metz

20 lokal Produzenten a Vertrieder vun Associatiounen, déi sech ëm de Verkaf an d’Ënnerstëtzung vu lokale Liewensmëttel këmmeren, esou wéi Vertrieder vum Landwirtschaftsministère an dem Landesplanungsministère, waren e Freideg, den 3. Juni, op Invitatioun vum Gemengesyndikat PRO-SUD bei enger Prospektiounsvisitt dobäi. Um Programm vun dëser Rees an d’Géigend vu Metz war et de Produzentebuttek „Les grands prés“ kennen ze léieren, dee vu lokale Liewensmëttelproduzenten en place gesat hunn, déi sech zesummegeschloss haten, fir gemeinsam e Buttek ze bedreiwen, wo si hier lokal Produiten an Eegeregie verkafe kënnen.

D’Valorisatioun vun der Produktioun an dem Verkaf vu lokale Liewensmëttel ass eent vun de mëttel- a laangfristegen Objektiver vun der Minett UNESCO Biosphere. Mam Support vun der lokaler Liewensmëttelproduktioun kann en plus de Ausstouss u klimaschiedleche Gaser reduzéiert ginn, mat engem positiven Impakt op d’Biodiversitéit vum eenzege Lëtzebuergesche Biosphärereservat an doriwwer eraus.

Vu Féiz ass de Grupp op Aubry gefuer, wou Moies d’Visitt vum Produzentebuttek um Programm stoung. De Nicolas Schmit, ee vu 5 Produzenten, déi do gemeinsam e Produzentebuttek bedreiwen, huet de Produzenten aus der Minett UNESCO Biosphere an hiren Nopeschgemengen d’Konzept vum Geschäft erkläert. En plus ass hien op den Opbau vum Buttek an déi deeglech Ofleef vun der Struktur agaangen an huet dem Grupp vu Lëtzebuerger Produzenten och d’Schwieregkeeten an d’Erausfuerderunge vun der Iddi bis bei d’Ëmsetzung vum Geschäft detailléiert.

No der Visitt vum Produzentebuttek goung et virun op den Haff vun engem vun de Produzenten, wou et e Mëttegiesse mat lokale Produiten aus eegener Produktioun gouf. Bei engem Workshop am Uschloss kruten d’Visiteuren aus dem Grand-Duché an engem Workshop wieder Abléck an d’Struktur, déi vun de franséische Produzenten en place gesat ginn ass. Ofgeschloss gouf den Dag mat engem ausféierleche Besuch vum Haff.

D’Iddi vun dësem Seminaire bei lokale Produzenten, déi schonn en eegene Produzentebuttek bedreiwen, war beim éischten Dag vun de lokale Produzente vun der Minett UNESCO Biosphere entstanen, dee Mëtt Mäerz vum Gemengesyndikat PRO-SUD zu Käerjeng war. An den nächste Woche wäert d’Ekipp vun der Minett UNESCO Biosphere virun un der konkreter Ëmsetzung vun der Iddi schaffen, een oder e puer Produzentebutteker um Territoire vum Biosphärereservat ze creéieren.

Donieft lafen d’Virbereedunge fir den „Au Goût du Terroir“ och virun. Vum 30. September bis den 2. Oktober ginn iech hei iwwer 80 lokale Produzente Rendezvous zu Käerjeng, fir hir Gamme u Produiten z’entdecken an ze kafen. Nieft de Produzente kréien d’Visiteure vun dësem Esch2022-Event och nach eng Rëtsch interessant Atelieren an Aktivitéite ronderëm de Gout an de Gomm offréiert.