📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
quote quote

Weltdag vum Aarteschutz

Um 20. Dezember 2013 huet d’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen op hirer 68. Assemblée den 3. Mäerz – den Dag wou den Accord iwwert den internationalen Handel mat menacéierten Aarte vu wëllen Déieren a Planzen (CITES) am Joer 1973 ënnerschriwwe gouf – zum UN-Weltdag vun de wëllen Déieren erkläert, fir esou déi wëll Fauna a Flora ze feieren an d’Bewosstsinn fir dës ze schäerfen. An der Resolutioun vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natioune gouf d’Sekretariat vum CITES dann och als Vermëttler fir dat weltwäit Anhale vun dësem speziellen Dag fir Déieren a Planzen a fräier Natur designéiert. De Weltdag vum Aarteschutz ass an de leschten 8 Joer zu enger vun de wichtegste Manifestatioune fir wëll Déiere ginn.

Recuperatioun vu Schlësselaarte fir Ökosystemer nees hierzestellen

Den Weltdag vum Aarteschutz steet an dësem Joer ënnert dem Motto „Recuperatioun vu Schlësselaarte fir Ökosystemer nees hierzestellen“. D’Manifestatiounen am Kader vun dësem Dag sollen Opmierksamkeet schafe fir de Conservatiounszoustand vun e puer wëllen Déieren- a Planzenaarten, déi weltwäit am stäerkste vum Verschwanne bedréit sinn, an Diskussiounen iwwert d’Méiglechkeeten dës Bestänn zu schützen an z’erhale virubréngen. All dës Diskussioune gi vun den Nohaltegkeetsziler vun der UNO inspiréiert. Hei spillen notamment d’Ziler 1 (keng Aarmut), 2 (keen Honger), 12 (nohalteg Konsum- a Produktiounsweeër), 13 (Klimaschutz), 14 (Liewen ënner Waasser) a 15 (Liewen u Land) eng Roll.

No Donnéeë vun der rouder Lëscht vun de menacéierten Déieren a Planzenaarte vun der Internationaler Unioun fir Naturschutz (IUCN) si méi ewéi 8400 Déieren- a Planzenaarten a fräier Natur vum Ausstierwe bedréit an nach emol bal 30000 wieder Aarte menacéiert oder ufälleg. Op der Grondlag vun dëse Schätzunge geet een dovunner aus, datt iwwert eng Milliounen Aarten op eisem Planéit riskéiere kéinten auszestierwen.

De Verloscht un Aarten, Liewensraim an Ökosystemer, deen net ophält, bedréit och d’Liewen op der Äerd a senger Integralitéit, d’Mënschheet mat ageschloss. Mënschen um ganze Planéit sinn op wëll Déieren a Ressourcen, déi eist d’Biodiversitéit liwwert, ugewisen, fir eis Besoinen, vun Iesswueren, iwwer Brennes bis bei Medikamenter, Wunnraum a Kleedung, ze befriddegen. Millioune vu Mënsche sinn och op d’Natur als Source fir hire Liewensënnerhalt an hir ekonomesch Perspektiven ugewisen.

Dëst Joer soll mam Weltdag vum Aarteschutz de Fokus op déi Aarte gesat ginn, déi reell riskéiere geschwë fir ëmmer vun eisem Planéit ze verschwannen. Dëst Schicksal soll hinnen erspuert bleiwen, hir Liewensraim an Ökosystemer nees hiergestallt ginn an eng nohalteg Notzung duerch de Mënsch gefuerdert ginn.

Dagdeegleche Schutz vu wëllen Déieren

Och wann de Weltdag vum Aarteschutz just eng Kéier am Joer ass, esou ass de Sujet esou wichteg, datt eng deeglech Opmierksamkeet an deeglech Mesuren net vu Muttwëll sinn.

D’Menacë fir wëll Déieren an d’Biodiversitéit sinn dacks esou grouss a komplex, datt een, als eenzel Persoun menge kéint, datt een dëse Menacë vis-à-vis souwisou muechtlos ass.

An awer kënne kleng Geste vun eis alleguerte sech summéieren an eng Differenz fir verschidden Aarten oder Ökosystemer duerstellen.

Um Website vun der « Convention sur le commerce international des espèces de faune et de flore sauvages menacées d’extinction (CITES) » kann ee méi gewuer ginn iwwert de nohalteg Notzung vu wëllen Déieren an der Biodiversitéit gewuer ginn.

Zousätzlech Informatiounen iwwer Planzen- an Déierenzorten, déi vum Ausstierwe bedréit sinn, kann een op der rouder Lëscht vun der IUCN fannen.