Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Schoulklassen op Besuch am Biosphärereservat

Haut, um Freideg, waren 8 Klassen aus verschiddene Grondschoule vun der Minett UNESCO Biosphere op Besuch am Ellergronn. Virwëtz op d’Natur a Wësse ronderëm d’Eenzegaartegkeet vum eenzege Lëtzebuergesche Biosphärereservat sollte vermëttelt ginn a stoungen de ganzen Dag iwwer um Plang vun den 100 Kanner aus dem Cycle 3, déi zesumme mat hire Jofferen a Schoulmeeschtere de Wee op Esch fonnt haten.

Vu Bestëbser bis bei d‘Bëschbueden

Den Atelier vun der Fondatioun natur&ëmwelt huet „Bëschbueden“ geheescht. Hei ass et drëms gaangen de Bësch mat all senge Sënner z’erliewen. Dat goung vum Héieren, iwwert d’Taaschte bis bei d’Kucken. D’Kanner kriten d’Ënnerscheeder tëscht den eenzele Bamaarten erkläert a se hu mussen erausfannen, wéi eng Saachen net an de lokale Bësch gehéieren.

D’Roll vun de Pollinisateuren, de Päiperleken an de Beien krute d’Kanner am Workshop vum Luxembourg Institute of Science and Technologie (LIST) erkläert.  Déi zwee Fuerscher aus dem LIST hunn de Kanner gewisen, wéi ee verschidden Insektenzorte vuneneen ënnerscheede kann an hunn erkläert wéi eng Roll déi eenzel Déieren am Prozess vun der Bestëbsung an der Natur spillen.

Archeologie a Geologie waren d‘Theeme beim Stand vum Musée Ferrum, wou d’Schoulklassen mat Hëllef vu Feiersteng schnëtze konnten fir duerno hiren eegen Holzbijouen ze bastelen.

Vu Munzen aus haten och Ardenner-Päerd de Wee an de Minett fonnt. Dës kräfteg Aarbechtsdéiere goufe fréier reegelméisseg fir Bëschaarbechten agesat. Um Stand vum Touristcenter Robbesscheier konnten d’Schoulkanner erliewen, wéi dës Aarbecht fréier gemaach gouf a selwer erausfannen, wéi d’Päerd praktesch schaffen a wéi schwéier se deen Ament ze schleefen hunn.

Bei der Naturverwaltung huet sech alles ëm d’Beien gedréint. Hei gouf et d’Äntwert op d’Fro wéi aus Pollen Hunneg entsteet an d’Kanner si gewuer ginn wéi e Beievollek funktionéiert a wat genee d’Aarbecht vun engem Imker ass.

Um Stand vum Naturmusée goung et ëm d’Bewunner vun den Dëmpelen an Weieren an der Minett UNESCO Biosphere. D’Kanner kruten déi eenzel Waasserederësse vun der Minett UNESCO Biosphere gewisen an hate grouss Freed mam Feiersalamander, deen se esouguer hunn däerfen an d’Hand huelen.

Och de Luxembourg Science Center vun Déifferdeng war an den Ellergronn komm. A verschiddenen Aktivitéiten goung et hei ëm d’Biodiversitéit an den natierleche Räichtum vun eiser Äerd.

Grousst Familljefest e Sonndeg

Fir den Ofschloss vun eisen Deeg an der Natur ass e Sonndeg dat grousst Familljefest am Ellergronn. Op iwwer 30 Stänn ginn Atelieren an Informatiounen fir déi ganz Famill proposéiert. Am Foodvillage waarden dann eng hallef Dose Foodtrucks mat hire Spezialitéiten an de ganzen Dag wäerten Wandermuseker fir gutt Stëmmung um Site vum Naturschutzzentrum Ellergronn suergen.

Parkméiglechkeeten gëtt et an der Ëmgéigend a wie vun do net ze Fouss an den Naturschutzzentrum trëppele wëll, dee ka sech bequeem mat enger Päerdskutsch an dat gréngt Häerz vun der Stad Esch féiere loossen.

De komplette Programm vum „En Dag an der Natur“ ass hei ze fannen.