Den 30. Januar 2025 hunn sech de Logements- a Landesplanungsminister Claude Meisch an déi gewielte Vertrieder vum Gemengesyndikat, ënnert der Presidence vum Escher Buergermeeschter Christian Weis, am Kader vum Accord getraff, deen de PRO-SUD zënter Jore mam Département de l’aménagement du Territoire (DATer) verbënnt.
![]() |
![]() |
![]() |
© Stéphane Botzem – Ministère du Logement et de l’Aménagement du Territoire
Dës Zesummenaarbecht ass Deel vum gemeinsame Wëllen, fir d’Südregioun zu engem virbildleche Biosphärreservat ze maachen, dat de klimateschen Erausfuerderunge gewuess ass a wou eng nohalteg Zukunft fir seng Awunner geschafe gëtt.
De Minister an d’Gemengepolitiker, déi vun Techniker aus hire Gemengeservicer begleet goufen, hunn hire gemeinsame Wëllen nach eng Kéier ënnerstrach, Hand an Hand duerfir ze schafen eng Modellregioun ze kreéieren. Dësen Austosch war eng Méiglechkeet de strategesche Kader vum Gemengesyndikat ze presentéieren, genee wéi och déi vill Projeten, déi an der Minett UNESCO Biosphere duerchgefouert ginn. Dës sinn opgedeelt a fënnef Themeberäicher, déi d’Diversitéit vun den duerchgefouerten Aktioune weisen:
- urban Entwécklung;
- Mobilitéit;
- Ernährung an Biodiversitéit;
- CO2 an Energiemonitoring;
- Biergerbedeelegung a Sensibiliséierung.
De Christian Weis, President vu PRO-SUD, betount: “Dës Reunioun weist, datt eise gemeinsamen Engagement Friichten dréit. Mir schaffen alleguer an déi selwecht Richtung fir eis Gemengen zu enger Modellregioun ze maachen, déi den Erausfuerderunge vun der Zukunft gewuess ass. D’Mobiliséierung vu jidderengem – Politiker, Techniker a Bierger – dréit entscheedend dozou bäi dës nohalteg Zukunft ze schafen.”
De Minister Claude Meisch sengersäits huet déi gemeinsam Approche begréisst. “Ech si frou, datt d’Gemengen, bei esou wichtege Sujete wéi der Adaptatioun un de Klimawandel, esou enk zesumme schaffen. Déi regional bioklimatesch Kaart, déi esou entstanen ass, ass eng wäertvoll Ressource, déi och d’Planung um Niveau vum ganze Land guidéiere kann. D’Optimisatioun vum regionale Netz vun de Vëlosweeër ass e weidert Beispill vun dëser fruchtbarer Zesummenaarbecht. D’Efforte vun de Gemenge beweisen hir Bereetschaft fir méi lokal nohalteg Mobilitéit an eng vernetzte Raumplanung ze schaffen, déi den Erwaardunge vun eise Bierger entsprécht.”
Dës Reunioun weist emol méi, datt d’Zesummenaarbecht an d’Koordinatioun tëscht de verschiddenen Acteuren de Schlëssel fir eng nohalteg Raumplanung ass.