Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Presentatioun vu “Kenns du de Minett?”

D‘Gesellschaftsspill iwwert de Minett fir déi ganz Famill

De Minett huet eng eenzegaarteg Geschicht ze erzielen: eng déif verwuerzelt Geschicht, déi et sech lount no baussen ze droen.

Mat der Kulturhaaptstad Esch2022 an dem UNESCO Biosphärereservat „Minett UNESCO Biosphere“ bitt sech eng enorm Chance, déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zukunft nei ze denken an nohalteg Perspektiven ze schafen, fir eis Gesellschaft an dat an alle Liewensberäicher. Den 2003 gegrënnte Gemengesyndikat PRO-SUD an Esch2022 vertrieden a liewen d’Wäerter, déi aus eiser Geschicht ervirginn an déi d’Awunner aus der Regioun prägen. Duerch d’Ziler, déi si gemeinsam verfollegen, entsti Synergien an e positiivt Klima wäit iwwer 2022 eraus.

D’Gesellschaftsspill „Kenns du de Minett?“ setzt sech mat der Fro auserneen, ob de Lëtzebuerger sech am Minett auskennt a wéi gutt de „Minettsdapp“ mengt d’Regioun ze kennen an där en opgewuess ass.

Jidderee war schonn eng Kéier am Minett; sief et well en hei wunnt, well en hei an d’Schoul gaangen ass, well e Famill an der Regioun huet oder och aus ganz anere Grënn. Mee ewéi gutt kennen d’Lëtzebuerger de Minett? A wéi gutt mengt de Minetter seng Regioun ze kennen?

An dëser eenzegaarteg Regioun mat hiren 11 Gemengen, iwwert 150 Nationalitéiten, Naturschutzgebitter a Biotopen, kulturellen Institutiounen, touristesche Sitten an Villem méi gëtt et enorm vill ze entdecken. An virun allem ginn et eng Abberzuel Plazen a Geschichten, déi net emol den Awunner vum Minett bekannt sinn.

D’Zesummenaarbecht mat Magic Multimedia erlaabt et Esch2022 an dem PRO-SUD all dëst op eng spilleresch Aart a Weis ze vermëttelen. Mam Spill „Kenns du de Minett?“ soll de Spiller aktiv dorunner Deel huelen de Minett z‘entdecken an sech dozou animéiert fillen, déi verschidde Plazen ze besichen an sech wieder mat der Geschicht vun der Regioun auserneen ze setzen.

„Kenns du de Minett?“ dréint sech am Contraire zu den éischte 4 Editioune vum Spill „Wou läit …?“ net ëm ganz Lëtzebuerg, mee beschäftegt sech exklusiv mat den 11 PRO-SUD Gemengen (Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Käerjeng, Käl-Téiteng, Monnerech, Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng a Suessem). De Spiller kann sech op e flotte Spillowend freeë mat Quizfroen a Geo-Positiounskaarten, nom Muster, dat hie vun de Spiller vu Magic Multimedia kennt.

Eng Informatiounsbroschür iwwert de Minett an 100 Plazen, déi et ze entdecke gëllt

Am Spill fannen sech 100 Spillkaarte mat 3 Schwéierpunkten: Uertschafte mat Lieu-diten a Quartieren, Natur a Kultur. Déi 50 Quizfroen dréine ronderëm d’Themen Biosphärereservat, Geschicht, Natur, Sport, Kultur an interessant Fakten iwwert d’Regioun.

Eng Informatiounsbroschür liwwert dem Spiller weider Informatiounen iwwer d‘“Minett UNESCO Biosphere“, hir Gemengen an Uertschaften, déi europäesch Kulturhaaptstad Esch2022 souwéi spannend kulturell an touristesch Sitten an der Regioun.

 

„Eis Regioun ass enorm facettëräich an huet touristesch gesinn en enormt Potenzial, dat et ze aktivéiere gëllt.“

D’Iddi, d’Konzept vu Magic Multimedia op de Minett unzepassen, koum vun den zwee Minettsdäpp Thierry Kruchten (Esch2022) a Yann Logelin (PRO-SUD).

„Vill Leit verbannen de Minett zum Beispill net onbedéngt mat Natur. Dobäi befënnt sech mam Naturschutzgebitt „Haard – Hesselsbierg – Staebierg“ dat gréisst zesummenhänkend Naturschutzgebitt direkt virun eiser Hausdier.“, esou de Yann Logelin.

„Mee och als Minettdapp mengt een ëmmer seng Regioun ze kennen, wat, wéi sech erausgestallt huet, net ëmmer de Fall ass.  Ech sinn net wäit dovunner grouss ginn, mä d’Dreckswiss war mir, virun der Aarbecht un „Kenns du de Minett?“ kee Begrëff. Et léiert een all Dag eppes bäi.“, seet den Thierry Kruchten, deen och ënnersträicht: „Eis Regioun ass enorm facettëräich an huet touristesch gesinn en enormt Potenzial, dat et ze aktivéiere gëllt.“

De President vun Esch2022 an dem Gemengesyndikat PRO-SUD, Georges Mischo, ergänzt: „D’Spill „Kenns du de Minett?“ weist, datt de Projet vun der europäescher Kulturhaaptstad eng regional Dynamik fräigesat huet, vun där déi ganz Regioun bestëmmt och an deenen nächste Joren nach ka profitéieren.“

D’Redaktioun, d’Texter an déi inhaltlech Konzeptioun si gemeinsam vun Esch2022 an dem Gemengesyndikat PRO-SUD erstallt ginn. Ouni d‘Ënnerstëtzung vun den 11 PRO-SUD Gemengen, déi och alleguerten en Deel vun Esch2022 sinn an déi weider Inhalter, an zousätzlecht Wëssen iwwert déi respektiv Gemengen, geliwwert hunn, wier d’Ëmsetzung vun dësem Spill allerdéngs net méiglech gewiescht wier.

Nëtzlech Informatiounen

D’Spill ass op Lëtzebuergesch a vun elo un am Handel ze kréien. Et ass en ideale Kaddo fir Niklos- oder Chrëschtdag a kascht 29,90€. Eng komplett Lëscht, wou een d’Spill kafe kann, fannt Dir hei.