Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Natur zeechnen

De Kënschtler an Naturalist Alan Johnston huet am Ellergronn Workshops zum Thema botanescht Observatiounszeechne gehalen. Et goufe Sessioune fir verschidde Gruppe vun Interesséierten: Ee Workshop fir Universitéitsstudenten, ee fir Senioren an ee fir Erwuessener.

Als Opwiermübung goufen automatesch Zeechnunge gemaach, wou en eng Planz observéiert huet an dës ouni op d’Blat ze kucke gezeechent huet. Otemübungen, fir sech op de Schwong vun enger Linn ze konzentréieren, ware genee esou en Deel vum Atelier ewéi detailléiert Studie vu Bléien, déi ee ronderëm den Ellergronn fanne kann. Déi éischt Skizze goufe mam Bläistëft ausgeféiert an dono gouf mat Aquarell experimentéiert.

Den zweeten Deel vum Workshop war dann nieft dem „Hénzebësch-Weier“. D’Participanten hunn sech hei op déi grouss Beem konzentréiert a méi spontan a séier Zeechnunge gemaach. Den Alan Johnston huet seng Erfarungen am Beräich vun den Naturillustratioune mat de Participante gedeelt a jidderee krut individuelle Feedback vum Expert.

© Minett UNESCO Biosphere / Lucie Majerus