Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Minett Mash-Up (24) – Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub

Wéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn ass

 

Och wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am Minett, wou mer Statioun zu Déifferdeng maachen.

Zënter kuerzem huet den éischte private Wiederdéngscht aus dem Land seng Zentral am 1535°, dem Creative Hub vun der Stad Déifferdeng.

Eis „Minett-Location“ vum Mount : 1535° – Creative Hub

De 1535° ass haut eng Kreativfabrik an där jonk Kënschtler a jonk Entreprisen ënnerkomme kënnen, déi fir de Start an hir professionnel Carrière Raimlechkeete brauchen. Nieft de konventionelle Büroe sinn hei awer Proufsäll fir Bands an en Tounstudio, esou wéi eng Hal an där ee Videoproduktioune realiséiere kann ze fannen. Den Déifferdenger CIGL huet seng Büroen och am 1535° genee ewéi d’Redaktioune vum L’Essentiel. Dobäi kommen zwee gastronomesch Betriber, e Restaurant an e „Coffee-House“.

Éier den Déifferdenger Contournement gebaut ginn ass, war de 1535° en Deel vun der Déifferdenger Schmelz. Nodeems dës Partie vum Site isoléiert gouf huet d‘Stad Déifferdeng déi al Ateliere vun der Schmelz, déi net méi am aktuelle Produktiounsprozess vum Stol an der drëttgréisster Stad vum Land gebraucht ginn, iwwerholl a Schratt fir Schratt ëmgewandelt. Aus der aler Schräinerei (Bâtiment A), dem Zilleschapp (Bâtiment B) an dem Kesselbetrib (Bâtiment C) ass esou ee fir Lëtzebuerg eenzegaartege „Creative Hub“ entstanen.

© CNCI

Eise Gaascht: Philippe Ernzer

De Philippe Ernzer, Joergang 1998, ass de Grënner vum private Lëtzebuergesche Wiederdéngscht „Météo Boulaide“. Schonn als Kand wousst de Philippe sech fir d’Wieder an d’Meteorologie ze begeeschteren an no sengem schoulesche Parcours konzentréiert hie sech voll a ganz op den Opbau vu senger eegener Societéit a sengem eegene Wiederdéngscht.

Wat als Hobby ugefaangen huet, huet de Philippe am Laf vun de Joren zu enger bekannter Perséinlechkeet an de sozialen Netzwierker an duerno och an de Lëtzebuerger Medie gemaach. Haut presentéiert hien eng reegelméisseg Chronik um Radio 100,7 a liwwert der Dageszeitung Tageblatt deeglech Wiederprevisiounen.

Wéi de Philippe aus sengem Hobby säi Beruff gemaach huet ass ee Sujet vum Minett Mash-Up vun dësem Mount. Wéi eng Schwieregkeeten et dobäi gouf, wéi eng Ziler de jonken Entrepreneur fir d’Zukunft huet a wéi eng Wollek de Philippe gäre wier, wann hien eng Wollek kéint sinn, da sinn aner Sujeten am aktuellen Episod.

 

Facebook

Instagram

Youtube

App

 

Eise Quiz:

Wat ass den Ënnerscheed tëscht Tornado a Windhose?

  1. Eng Windhose ass méi schwaach wéi en Tornado
  2. Et ass dat selwecht, just en aneren Numm duerfir
  3. Eng Windhose gëtt et just iwwert enger Waasserfläch

 

Fir heescht de Sensor fir de Wand ze moossen?

  1. Anémometer
  2. Argestometer
  3. Aiolometer

 

Links bei d’Sujete vun dësem Episod:

  • Meteo Boulaide – private Wiederdéngscht, dee vum Philippe Ernzer gegrënnt ginn ass
  • 1535° Creative Hub – kreative Co-Workingspace zu Déifferdeng
  • Misfitted – Lëtzebuergesch Kleedermark
  • Geschicht vun der Meteorologie zu Lëtzebuerg – Publikatioun vum Naturmusée iwwert d’Pionéier vum Lëtzebuerger Wieder
  • The Weather Station – kanadesch Museksband
  • Kachelmannwetter – private Schwäizer Wiederdéngscht, dee vum Meteorolog Jörg Kachelmann an d’Liewe geruff ginn ass
  • ASTA – Verwaltung, déi sech zu Lëtzebuerg ëm d’Agrarmeteorologie bekëmmert
  • Meteolux – staatleche Wiederdéngscht mat Sëtz um Findel
  • Don’t Look Up – Film, deen de Sujet vun der Verleumdung vun der Wëssenschaft opgräift
  • Tornado – meteorologesch Erklärungen zu dëse Wirbelstierm
  • Cumuluswollek – Wollekeform, aus där Schaueren oder Donnerwieder entstoe kënnen
  • LOA – reegelméissegen Open Air Festival fir elektronesch Musek zu Lëtzebuerg
  • Reen a Bou – Dem Philippe seng Chronik um Radio 100,7
  • Tageblatt – Lëtzebuergesch Dageszeitung, déi hir Wiederprevisioune vu Meteo Boulaide kritt

 

 

Kontaktéiert eis:

          +352 26 17 97 1