Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Minett Mash-Up (22) – Peter Backes & Jörg Pütz x Völklinger Hütte

Op Besuch an engem UNESCO-Weltkulturierwen

 

 

D’Joer 2024 steet fir d’Ekipp vum Minett Mash-Up ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland.

Duerfir ass de Podcast vun der Minett UNESCO Biosphere, der Asbl Industriekultur-CNCI an dem Musée vun der Aarbecht dëse Mount och net am Minett ënnerwee. Op der Sich no der Äntwert op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu Völklingen opgeholl ginn.

Eis „Minett-Location“ vum Mount: UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

1986 huet d’Schmelz zu Völklingen, no iwwer 100 Joer Betrib, d’Héichiewen ausgeblosen. De Betrib, mat senge 6 éischter klengen Héichiewen, war einfach net méi rentabel. Vun Ufank u sollt dëse Site awer als Denkmal fir déi industriell Entwécklung vum Saarland erhale ginn.

Nëmmen 8 Joer huet et gedauert fir och d’UNESCO vun der Iddi z’iwwerzeegen dës Schmelz, déi bis haut komplett, also mat all hire Bestanddeeler, erhalen ass, op d’Lëscht vum Weltkulturierwen ze setzen. D’Völklinger Hütte war virun 30 Joer déi éischt Industrieanlag, déi vun der UNESCO ënner Schutz gestallt gouf.

Zënter hir ass vill zu Völklingen geschitt an ënnert dem Meinrad Maria Grewenig, dee vun 1999 bis 2020 Direkter vun der Völklinger Hütte war, huet sech déi fréier Schmelz och zu enger renomméierter Plaz fir grouss Ausstellungen entwéckelt. Aktuell, an nach bis an de Summer eran, kann een an der Gebléishal vun der Schmelz d’Geschicht vum däitsche Film entdecken, mä och d’Schmelz selwer, mat hiren diverse Produktiounsschrëtt ass fir de Public zougänglech an der Wäert eng Kéier besicht ze ginn.

© Industriekultur-CNCI

Eis Gäscht: Peter Backes & Jörg Pütz

De Peter Backes begleet de Site vun der Völklinger Hütte zënter 1986, wou hien nach am Kulturministère vum Saarland geschafft huet. Relativ séier ass hien an d’Bedreiwergesellschaft vum Weltkulturerbe gewiesselt, wou hie fir de Besuchermanagement zoustänneg war.

Zënter 2019 ass de Peter Backes an der Pensioun. Hien ass awer nach ëmmer Guide op der Völklinger Hütte an engagéierte Member am Netzwierk ERIH, iwwert dat an dësem Episod vum Podcast och riets geet.

De Jörg Pütz ass e gebiertege Völklinger a mat senger „Schmelz“ opgewuess. Zënter iwwer 30 Joer ass hien als Fotograf ënnerwee. Hie schafft ënnert anerem als Archeologie-Fotograf fir d’Universitéit zu Saarbrécken a realiséiert ëmmer nees Architektur-, Industriekultur- a Landschaftsopnamen.

De Jörg verzielt an dësem Episod vum Podcast iwwert seng Kandheet a Jugend mat der Schmelz, iwwert säi Beruff als Fotograf a verréit eis seng Connectioun zum Bauhaus.

Eise Quiz:

Fro 1:

D’Eisenindustrie zu Esch a Völklingen huet eng ganz laang Geschicht. Wéini ass d’Schmelz zu Völklingen gegrënnt ginn?

  1. 1852
  2. 1873
  3. 1911

 

Fro 2:

D‘Stied Esch-Uelzecht a Völklingen si gepräägt vun Héichiewen. 1997 ass dee leschten Esch ausser Betrib gaangen. Wéini sinn d’Héichiewe vun der Völklinger Hütte zougemaach ginn?

  1. 1978
  2. 1986
  3. 1992

 

Fro 3:

Um Belval stinn haut nach zwee richteg grouss Héichiewen. Wéi vill Héichiewe konnten zu Völklingen erhale ginn?

  1. Och zwee Héichiewen
  2. Véier Héichiewen
  3. Sechs Héichiewen

 

Fro 4:

Den Héichuewe B um Belval konnt bannent 24 Stonnen 3.000 Tonnen Eise produzéieren, den Héichuewe 6 zu Völklingen ongeféier 1.1000 Tonnen. Firwat konnt den Héichuewen um Belval esou vill méi Eise produzéieren?

  1. Zu Lëtzebuerg gouf méi séier geschafft
  2. Zu Völklingen waren d’Pause méi laang
  3. D’Héichiewen zu Völklingen ware méi kleng

 

Fro 5:

1994 gouf d‘Völklinger Hütte en UNESCO-Weltkulturierwen. Wat war de wichtegste Grond?

  1. D’Héichiewen zu Völklingen raschten net
  2. D’Héichiewe vun der Völklinger Hütte sinn déi modernst vun der Welt
  3. D‘Völklinger Hütte ass komplett erhalen

 

© Minett UNESCO Biosphere

Links bei d’Sujete vun dësem Episod:

 

Kontaktéiert eis:

+352 26 17 97 1