Op Besuch an engem UNESCO-Weltkulturierwen
D’Joer 2024 steet fir d’Ekipp vum Minett Mash-Up ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland.
Duerfir ass de Podcast vun der Minett UNESCO Biosphere, der Asbl Industriekultur-CNCI an dem Musée vun der Aarbecht dëse Mount och net am Minett ënnerwee. Op der Sich no der Äntwert op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu Völklingen opgeholl ginn.
Eis „Minett-Location“ vum Mount: UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte
1986 huet d’Schmelz zu Völklingen, no iwwer 100 Joer Betrib, d’Héichiewen ausgeblosen. De Betrib, mat senge 6 éischter klengen Héichiewen, war einfach net méi rentabel. Vun Ufank u sollt dëse Site awer als Denkmal fir déi industriell Entwécklung vum Saarland erhale ginn.
Nëmmen 8 Joer huet et gedauert fir och d’UNESCO vun der Iddi z’iwwerzeegen dës Schmelz, déi bis haut komplett, also mat all hire Bestanddeeler, erhalen ass, op d’Lëscht vum Weltkulturierwen ze setzen. D’Völklinger Hütte war virun 30 Joer déi éischt Industrieanlag, déi vun der UNESCO ënner Schutz gestallt gouf.
Zënter hir ass vill zu Völklingen geschitt an ënnert dem Meinrad Maria Grewenig, dee vun 1999 bis 2020 Direkter vun der Völklinger Hütte war, huet sech déi fréier Schmelz och zu enger renomméierter Plaz fir grouss Ausstellungen entwéckelt. Aktuell, an nach bis an de Summer eran, kann een an der Gebléishal vun der Schmelz d’Geschicht vum däitsche Film entdecken, mä och d’Schmelz selwer, mat hiren diverse Produktiounsschrëtt ass fir de Public zougänglech an der Wäert eng Kéier besicht ze ginn.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Industriekultur-CNCI
Eis Gäscht: Peter Backes & Jörg Pütz
De Peter Backes begleet de Site vun der Völklinger Hütte zënter 1986, wou hien nach am Kulturministère vum Saarland geschafft huet. Relativ séier ass hien an d’Bedreiwergesellschaft vum Weltkulturerbe gewiesselt, wou hie fir de Besuchermanagement zoustänneg war.
Zënter 2019 ass de Peter Backes an der Pensioun. Hien ass awer nach ëmmer Guide op der Völklinger Hütte an engagéierte Member am Netzwierk ERIH, iwwert dat an dësem Episod vum Podcast och riets geet.
De Jörg Pütz ass e gebiertege Völklinger a mat senger „Schmelz“ opgewuess. Zënter iwwer 30 Joer ass hien als Fotograf ënnerwee. Hie schafft ënnert anerem als Archeologie-Fotograf fir d’Universitéit zu Saarbrécken a realiséiert ëmmer nees Architektur-, Industriekultur- a Landschaftsopnamen.
De Jörg verzielt an dësem Episod vum Podcast iwwert seng Kandheet a Jugend mat der Schmelz, iwwert säi Beruff als Fotograf a verréit eis seng Connectioun zum Bauhaus.
Eise Quiz:
Fro 1:
D’Eisenindustrie zu Esch a Völklingen huet eng ganz laang Geschicht. Wéini ass d’Schmelz zu Völklingen gegrënnt ginn?
- 1852
- 1873
- 1911
Fro 2:
D‘Stied Esch-Uelzecht a Völklingen si gepräägt vun Héichiewen. 1997 ass dee leschten Esch ausser Betrib gaangen. Wéini sinn d’Héichiewe vun der Völklinger Hütte zougemaach ginn?
- 1978
- 1986
- 1992
Fro 3:
Um Belval stinn haut nach zwee richteg grouss Héichiewen. Wéi vill Héichiewe konnten zu Völklingen erhale ginn?
- Och zwee Héichiewen
- Véier Héichiewen
- Sechs Héichiewen
Fro 4:
Den Héichuewe B um Belval konnt bannent 24 Stonnen 3.000 Tonnen Eise produzéieren, den Héichuewe 6 zu Völklingen ongeféier 1.1000 Tonnen. Firwat konnt den Héichuewen um Belval esou vill méi Eise produzéieren?
- Zu Lëtzebuerg gouf méi séier geschafft
- Zu Völklingen waren d’Pause méi laang
- D’Héichiewen zu Völklingen ware méi kleng
Fro 5:
1994 gouf d‘Völklinger Hütte en UNESCO-Weltkulturierwen. Wat war de wichtegste Grond?
- D’Héichiewen zu Völklingen raschten net
- D’Héichiewe vun der Völklinger Hütte sinn déi modernst vun der Welt
- D‘Völklinger Hütte ass komplett erhalen
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Links bei d’Sujete vun dësem Episod:
- UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte: Offizielle Site vum Weltkulturierwen
- UNESCO World Heritage: UNESCO Site iwwert d’Weltkulturierwen um ganze Planéit
- Museums-Check: Televisiounsdokumentatioun iwwert d’Völklinger Gütte vun 2023
- Sinteren: Technik fir de Stëbs vum Minett zesummen ze baken
- ERIH “European Route of Industrial Heritage”: Associatioun fir d’Promotioun vum Industrietourismus an Europa
- Portfolio Jörg Pütz: E puer Impressioune vum Jörg Pütz senge Fotoen
- Musée Ferrum: Lokalmusée zu Téiteng, dee sech mat klengen Industrië ronderëm de Biergbau an d’Eisenindustrie zu Lëtzebuerg beschäftegt
- Johannes Itten: Eng vun den Ikone vun der Bauhaus-Architektur
- Bauhaus: Architekturbeweegung an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert
- Völklingen: Stad am Saarland, déi bis haut nach enk mat der Eisen- a Stolindustrie verbonnen ass
- Urban Art Biennale: Graffiti-Festival, deen 2024 nees an der Völklinger Hütte ass
- Der deutsche Film 1895 bis heute: Aktuell Ausstellung an der Gebléishal vun der Völklinger Hütte
- Hiechiewen um Belval: Landmark vun der aler Schmelz um Belval
- Zäitzeie vun der Völklinger Hütte: Onlinearchiv vum Saarlännesche Rundfunk
- Ausstellungen an der Völklinger Hütte: Archiv iwwert eng Rei vun den Expoen am Weltkulturierwen
Kontaktéiert eis:
![]() |
![]() |
![]() |