Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

MinettREMIX

EXPO WALK ON THE MINETT TRAIL

© Visit Minett

Am Kader vun der Ausstellung MinettREMIX, déi vum Centre National de la Culture Industrielle (CNCI) fir Esch2022 organiséiert gëtt, invitéiert den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI), mat Hëllef vum ORT Sud, nach bis den 30. Oktober 2022 an der Hall Fondouq zu Diddeleng d’Ausstellung “Walk on the Minett Trail” kucken ze kommen. Dës weist den Hannergrond vun der Kreatioun vun 11 Gîten um Minett Trail, dee sech duerch den Territoire vun de Gemengen zitt, déi am Gemengesyndikat PRO-SUD zesummeschaffen.

D’Ausstellung gëtt en Avant-Goût op déi 11 Hebergementer, déi entweder duerch nei Konstruktiounen oder d’Sanéierung vun existente Strukture geschafe goufen. Dës ongewéinlech Architekturen dokumentéieren d’Geschicht vum Minett, enger Regioun, déi räich un Humankapital ass, wat aus der Migratioun an hirer industrieller Vergaangenheet ervirgaangen ass.

© Visit Minett

PRO-SUD an den OAI hunn dësen Architekteconcours a Form vun enger anonymer Consultatioun vun Architekten matorganiséiert. E Concours deen e grousse Succès war: oppe Phas mat 91 Dossieren, déi agereecht goufen, 33 Kandidaturen, déi fir d’Consultatioun zeréckbehale goufen (3 fir all Site) a schliisslech 11 Gewënner, déi vun engem Jury de 5. a 6. Mäerz 2020 gekréint goufen.

Domat war dëse Concours besonnesch innovativ an hat Pionéiercharakter: 11 Bauhären, 11 verschidde Sitten, 11 kleng Objeten, awer 1 eenzeg, koherent, séier a spuersam Prozedur, déi Synergie mat staarke Léisungen op allen Niveauen vun der architektonescher Qualitéit, der Kontextualitéit am Bezuch op déi eenzel Sitten an hir Geschicht erméiglecht…

Domat decke sech d’Ziler vun Esch2022 mat deene vum OAI a Bezuch op d’Ënnerstëtzung vun enger Baukultur bei engem breede Public mat diversen Hannergrënn, am Interessi vun engem intelligenten, inklusiven, nohaltegen a resiliente Liewensraum.

D‘Highlights vun der Manifestatioun zu Diddeleng si virun allem:

  1. D’Uleeën vun engem gesellege Parcours am Bausseberäich vun der Fondouq-Hal:

Presentatioun vum Architekteconcours an den 11 „Kabaisercher“ op grousse Panneauen.

  1. Eng cosy Lounge an der Fondouq-Hal:

En Ecran, op deem onënnerbrach Interviewen mat de Porteurs de projet vu “Walk on the Minett Trail”, esou wéi Filmreportagen iwwert d’Realisatioun vun all eenzeler Kabaischen mat Interviewen vun de Bauhären, den Architekten an de bedeelegte Kënschtler gewisen ginn.

Et ginn och Tabletten zur Verfügung gestallt, fir déi verschidde Clippen an aller Rou kucken ze kënnen.

  1. Eng OAI Pop-up Bibliothéik:

Dës erméiglecht et verschidde Publikatiounen vum OAI ze consultéieren oder esouguer mat ze huelen: Guides Références OAI, Bauhärepräis OAI, Buch OAI +25, Festival des Cabanes SNJ / OAI…

  1. Konferenz “Inspiréiert vum Concours OAI / PRO-SUD Gîtes Minett Trail”:

11 x 5 Minutte mat den Architekten, déi d’Gîten entworf hunn an de Bauhären, de Méindeg, 26. September 2022 um 19h45 am Ciné Starlight zu Diddeleng.

Méi Informatiounen

Iwwert d’Consultatioun vun den Architekten an déi proposéiert Projeten fannt dir ënner www.architectour.lu/minetttrail

Iwwert de Minett Trail fannt dir op www.minetttrail.lu