Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Sven Fielitz X Ellergronn

 

De Minett ass 2020 en UNESCO Biosphärereservat ginn. Wat iwwerhaapt eng Biosphär ass a wat dat fir de Minett bedeit, gitt dir an dëser Episod gewuer. En plus ass och nach de Freestyle-Futtballer a Filmmaker, Sven Fielitz, bei eis op Besuch. Mir diskutéiere mat him iwwer Kleeder, déi fléien, iwwer Schof a Goldfësch a mir probéieren e puer Freestyle-Tricke selwer aus!

 

Eis “Minett Location” vum Mount

Centre nature et forêt EllergronnMusée de la mine Cockerill

6, Ellergronn – L-4114 Esch/Uelzecht – Lëtzebuerg

Eisen Invité: Sven Fielitz

Engersäits als Freestyle-Futtballer ënnerwee an anersäits als Filmmaker, de Sven Fielitz setzt säin Häerz a seng Séil a seng Karriär. Seng Wuerzelen als jonke Fussballspiller si séier duerch den Afloss vun aneren talentéierte Sportler an de Freestyle Football iwwergaangen. Säitdeem ass hien op villen internationale Competitioune mat dobäi gewiescht, huet Ateliere fir Kanner gehalen an huet an diverse Kënschtlerkollaboratioune matgewierkt. Niewebäi huet de Sven oft säi Freestyling mat der Kamera opgeholl an doduerch ass seng Karriär als Filmmaker ganz organesch op der Uni dobäikomm. Och hei setzt hie sech keng Grenzen an dréint a schneit all méiglech Videoen, vun Hochzäiten, Events, Danzspectaclë bis bei Firmepromo an doriwwer eraus!

Instagram: @svenfreestyler @mise.en.sven

Website: svenfielitz.com

Eise Quiz (Froen an Äntwerten):

Biosphär: Wat ass eng Biosphär?

  1. En Naturschutzgebitt, mat Fokus op d’Erhalung vun der Biodiversitéit.
  2. Eng Regioun wou duerch den Engagement vun hire Bierger, nohalteg Entwécklung, Educatioun an d’Erhalung vun Natur an historesche Patrimoine, esou wéi eng harmonesch Relatioun tëscht urbanen Aktivitéiten an der Natur gefërdert gëtt.
  3. Eng, vun der UNESCO ausgezeechent, Regioun  mat verschidden Zonen; inklusiv Naturschutzgebidder a urbanen Infrastruktur.

 

Eng UNESCO ‘Man and the Biosphere‘ Biosphär ass eng ausgezeechent Regioun, wou Mënschen an der Vergaangenheet esou wéi och aktuell en akuten Impakt a Afloss op d’Natur hunn. Dowéinst passt de Minett perfekt an dës Beschreiwung, well mer hei jo eng räich Biergbaugeschicht hunn, déi signifikant Implicatiounen op d’Natur hat. Haut ass de Mënsch och nach ëmmer ganz relevant an der Regioun: Mir wunnen am Minett, mir schaffen a studéieren hei. Ginn an a genéissen d’Natur duerch divers Wanderweeër, Mountainbikeweeër, Fräizäitparken, Muséeën a Villes méi! Et ass schlussendlech d‘Zil vun enger Biosphär, datt eng nohalteg Bezéiung tëscht de Mënschen a hirer Ëmwelt be- respektiv entsteet.  

1, 2 an 3 sinn also allen dräi richteg. 

Biosphär: Et gëtt 3 verschidden Typpe vun Zonen an eng Biosphär. Wéi eng sinn dat?

  1. Kär-, Puffer- a Transitiounszonen
  2. Naturschutz-, Puffer- a Industriezonen
  3. Kär-, Mësch- a Grenzzonen

 

Kär-, Puffer- an Transitounszonen. Wësst dir, wat den Ënnerscheed tëscht deenen dräi ass? 

Kärzon: Dat ass eng Zon, wou d‘Natur an den historesche Patrimoine besonnesch geschützt sinn, am Minett sinn dat déi al Dagebaugebaugebitter, déi haut Naturschutzzonen oder NATURA 2000-Schutzgebitter sinn. Hei si mënschlech Aktivitéiten op Recherche a Monitoring beschränkt. 

Pufferzon: Dës Zone solle sécher stellen, datt d‘Aktivitéiten an den Transitounszonen d’Kärzonen net negativ beaflossen. Et gëtt 26 Pufferzonen an eiser Biosphär, an dat sinn Naturschutzzonen an NATURA 2000 Gebitter, mat Ausnam vun den alen Dagebaugebitter.

Transitounszon = Dat ass de ganze restleche Beräich vum Biosphärereservat, wou d‘Leit wunnen, schaffen a liewen. 

1 ass deemno déi richteg Äntwert.

Biosphär: Et gëtt en Trapp Schof, déi duerch d’Natur vum Minett trëppelen, esouguer duerch den Ellergronn! Firwat ass dat esou? (2 Äntwerte si méiglech)

  1. Fir Schéiferhënn ze trainéieren.
  2. Fir déi geschützt Dréchewise vum Biosphärereservat ze düngen.
  3. Fir d’Naturschutzgebitter a NATURA 2000 Gebitter op eng natierlech Aart a Weis ze méinen.
  4. Fir d’Biodiversitéit vun der Minetter Vegetatioun z’erhalen, duerch Verbreedung vun geneteschem Material tëschent de verschidde Regioune vum Minett.

 

Fir d’Naturschutzgebitter an NATURA 2000 Gebidder op eng natierlech Aart a Weis ze méinen a fir d’Biodiversitéit vun der Minetter Vegetatioun z’erhalen, andeems genetescht Material tëschent de verschiddene Regioune vum Minett verbreet ka ginn.

3 an 4 sinn déi richteg Äntwerten.

Firwat goufe fréier d’Kleeder hei an der “Salle des Pendus” eropgezunn ?

Fir Plaz ze spueren.

Wéi vill Tonnen Eisenäerz sinn hei zu Lëtzebuerg am Joer 1907 ofgebaut ginn?

  1. 177000 Tonnen
  2. 100000 Tonnen
  3. 190000 Tonnen

 

177000 Tonnen. 1907 war an engems och dat Joer, wou am meeschten Eisenäerz hei zu Lëtzebuerg ofgebaut gouf. 

Sujeten an dëser Episod:

Minett UNESCO Biopshere – Éischt an eenzegt UNESCO Biosphärereservat zu Lëtzebuerg.

Déierepark Gaalgebierg – Déierepark uewen um Gaalgebierg an deem 25 verschidden Déierenaarten doheem sinn.

Sentier Norbert Theis – En Trëppeltour, deen am Ellergronn ufänkt.

Escher GeschichtsfrënnE Veräi vu Lokalhistoriker, déi sech mat der Vergaangenheet vun Esch-Uelzecht beschäftegen.

Tëtelbierg – Archeologesche Site, mat engem bedeitenden Oppidium vun der Treverer aus dem 1. Joerhonnert viru Christus.

Musée de la Mine Cockerill – D’Plaz, wou dëse Podcast opgeholl ginn ass. En Deel vum Naturschutzzentrum Ellergronn.

Minett Trail – En 90 Kilometer laange Premium-Wanderwee duerch de Minett an all 11 Gemengen, déi zesummen d’Minett UNESCO Biosphere ausmaachen.

Minetter Schof – En Trapp Wanderschof, déi am Minett grasen an esou hëllefen d’Biodiversitéit z’erhalen. 

Kontaktiert d’Minett Mash-Up Equipe:

Instagram  Email