Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Episod 18 – Carlo Hamling X Den alen ARBED’s Büro

Lokal Geschicht liewen

 

No eisem Stopp leschte Mount zu Diddeleng si mir am Oktober am Käldall. Dee schmuelen Dall, deen am Laf vun de Joerdausende vun der Kälbaach, engem Niewefloss vun der Uelzecht, an d’Landschaft geschnidde gouf, ass eng Plaz voller Geschicht a Geschichten, déi an dësem Episod am Mëttelpunkt stinn.

Mir huelen Iech mat op eng Rees duerch d’Geschicht vun der Gemeng, schwätzen awer och mat eisem Gaascht iwwer seng Aarbecht als Doudegriewer a seng Iddi, wéi een d’Erënnerung u berüümt Käldaller, déi vun eis gaange sinn, um Liewen hale kéint.

Eisen Invité: Carlo Hamling

De Carlo Hamling ass déif mat senger Heemechtsgemeng verwuerzelt. De Käler Jong interesséiert sech zënter senger Jugend fir d’Geschicht vu sengem Dall a kennt dës wéi kaum een Aneren. Seng Leidenschaft ass ustiechend an hien deelt säi Wëssen och gäre mat aneren, ënnert anerem bei Ateliere fir Schoulkanner aus der ganzer Regioun.

De Carlo ass och begeeschterte Sammler vun historeschen Objeten, déi hien deels och dem neie „Musée Ferrum“ zu Téiteng zur Verfügung gestallt huet, fir datt se engem breede Public zougänglech sinn.

© Minett UNESCO Biosphere

Eis Minett-Location vum Mount: Téiteng

D’Gemeng Käl-Téiteng

D’Gemeng Käl besteet aus de Uertschafte Käl an Téiteng. Am Oste begrenzt dat gréissten Naturschutzgebitt vum Land, d‘„Haard“, d’Gemeng an am Weste sinn d’Naturschutzgebitter „Léiffrächen“ a „Brucherbierg-Lallengerbierg“. Haut liewen ongeféier 10.000 Leit an der Gemeng.

Et gouf keng Schmelz an der Gemeng Käl-Téiteng. Et waren d’Minnen an d’Mineuren, déi déi industriell Aktivitéit a béiden Dierfer am 20. Joerhonnert bestëmmt hunn. Nieft de Minne gouf et zu Käl an zu Téiteng awer eng Rei Betriber, déi Produite fir Biergbau a Stolindustrie geliwwert hunn. An der Schungfabrik sinn de Mineuren hir Schong produzéiert ginn an och d’Grouweluuchten, déi zu Lëtzebuerg am Asaz waren, koumen aus der Gemeng Käl-Téiteng.

Eis Kabaische vum Mount: Den alen ARBED‘s Büro

Sechs Schlofméiglechkeete waarden op d‘Gäscht, an engem Gebai wou viru Joerzéngten d’Buggien, déi voll mat wäertvoller Minett beluede waren, gewie goufen. Dat aalt Verwaltungsgebai vun der Minnegesellschaft zu Téiteng huet Geschicht an all Zill: Vun hei aus goungen d‘Steng, déi eist Land am 20. Joerhonnert räich gemaach hunn, un all d’Schmelzen an der Regioun.

D’Ëmbauaarbechte vun dësem ale Verwaltungsgebai haten eng ganz kloer Visioun, déi existent, historesch Grondform vum Gebai ze erhalen an ze respektéieren. Den Architektebüro Tetra Kayser Associés war duerfir zoustänneg. D‘Fassad ass integral erhale ginn an den Interieur ass, och no den Ëmbauaarbechten, virun enk mat der industrieller Vergaangenheet vum Gebai verbonnen.

 

Source: www.simpleviu.com

Eise Quiz:

1910 hunn d’Diskussiounen iwwert de Bau vun engem regionalen Tram am Süde vu Lëtzebuerg ugefaangen. Véier Joer méi spéit gouf de Gemengesyndikat TICE gegrënnt, dee fir de Bau an de Fonctionnement vum Tram zoustänneg war. 1927 fueren déi éischt “Minettstram” Zich, ënner anerem vun Esch op Diddeleng, iwwer Käl, awer och vu Käl op Rëmeleng. Bis wéini war de “Minettstram” a Betrib?

  1. 1936
  2. 1945
  3. 1956

 

Am 13. Joerhonnert ass zu Käl eng Waasserbuerg gebaut ginn. D’Buerg ass awer net erhale bliwwen a gouf eréischt am 20. Joerhonnert erëmentdeckt. Wéini genee goufen d’Fundamenter vum der aler Käler Buerg fonnt?

  1. 1943 no enger Loftattack am Zweete Weltkrich
  2. 1970 wéi e Bauer säi Feld geplout huet
  3. 1980 bei Aarbechte fir d’Kälbaach nei ze kanaliséieren

 

Linke bei d’Sujete vun dëser Episod:

 

De Podcast gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun:

 

Kontaktéiert eis:

+352 26 17 97 1