Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Daniel Migliosi

Daniel Migliosi X CNA Pomhouse (Dudelange)

 

Eis Rees féiert eis dëse Mount op Diddeleng an dat flott rekonzeptualiséiert CNA Pomhouse. Mir begéinen dem Jazz-Trompettist, Daniel Migliosi, a diskutéiere mat him iwwert seng Wuerzelen a seng Verbindunge mam Minett – Schlësselwierder Italien, Russland a vill Caféen! Kleng Bijouen iwwer d’Jazz-Zeen, Diddeleng an d‘Haard gitt der och gewuer!

 

Eis “Minett Location” vum Mount

CNA – Centre National de l’Audiovisuel –  1B, Rue du Centenaire – L-3475 Dudelange

Eise Gaascht: Daniel Migliosi

Den Daniel Migliosi ass en Minetter Trompettist, deen um Wee ass richteg bekannt ze ginn an der Musekszeen! Seng musikalesch Fäegkeeten huet hien duerch seng Kandheet an der Diddelenger Museksschoul, den Escher Conservatoire an elo d’Hochschule für Musik und Tanz zu Köln geléiert. Den Daniel trëtt reegelméisseg live zu Lëtzebuerg an am Ausland op. Fir d‘Optrëtter vum Daniel an senge Bands „Daniel Migliosi Quintet“ a „Retrospective Quintet“, net ze verpassen: hien onbedéngt op Instagram a Facebook followen!

Instagram Facebook

 

Sujeten iwwert déi an dësem Episod geschwat gëtt: