Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Minett UNESCO Biosphere op der Foire BNE

Um Donneschdeg, den 20. Abrëll, hat d’Plateforme nationale pour l’éducation à l’environnement et au développement durable nees op hir BNE Foire um Campus Geesseknäppchen invitéiert.

Fir déi 4. Kéier scho goufen hei Leit aus der formaler an non-formaler Bildung invitéiert fir sech e ganzen Dag laang Inspiratiounen an Iddien aus dem Beräich vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung sichen ze goen, déi dann am Kader vu pedagogeschen Aktivitéite kënnen ëmgesat ginn.

No 2022 war d’Minett UNESCO Biosphere och dëst Joer nees mam MiNELL, dem Minett Natur an Ëmwelt LéierLab op der BNE Foire vertrueden. Mir waren ee vu ronn 70 Informatiounsstänn an hunn de ganzen Dag iwwer Interesséierter gewisen, wéi eisen Ëmweltedukatiounsprogramm, dee als Flagship-Projet vum FNR realiséieren, konkret um Terrain funktionéiert.

Doriwwer eraus haten d’Visiteuren, déi d’Ausstellung um Geesseknäppche besicht hunn, och d’Méiglechkeet méi iwwert déi eenzel Aktivitéite fir Schoulklassen, mä och iwwer unerkannte Formatioune fir d’Léierpersonal, déi mir an Zesummenaarbecht mam IFEN ubidden, gewuer ze ginn.

Nieft de 70 Informatiounsstänn waren de ganzen Dag iwwer awer iwwer 20 Weiderbildungs- an Austauschmomenter um Site vun der Expo programméiert, wou een, no Aschreiwung, matmaache konnt. D’Sujete vun den Aktivitéiten, déi hei ugebuede goufen, gounge vun erneierbaren Energien, iwwer Repair Caféë bis bei Landwirtschaft a Kannerrechter. Och de Fuse (Future Space for Education) war mat vun der Partie an huet all hallef Stonn en anert Theema aus dem Beräich vun der Nohaltegkeet virgestallt.

Den Interessi vun de Visiteuren un den Aktivitéiten, déi vun der Minett UNESCO Biosphere ugebuede ginn, war grouss, esou datt eiser Participatioun bei der BNE Foire am Joer 2024 näischt am Wee stoen dierft.