Leschten Donneschdeg hat de Science Club Luxembourg vum ‘naturmusée‘ op en Atelier zum Theema “Meng Quell Doheem” organiséiert.


© Anne-Marie Bis / ‘naturmusée’
Déi jonk Participanten kruten hei d’Méiglechkeet de Reewaasserkollektor, deen d’Kënschtlerin Hisae Ikenaga, déi hei zu Lëtzebuerg lieft a schafft, fir d’Minett UNESCO Biosphere designt huet, selwer ze bauen.
Mat vill Spaass a Begeeschterung hunn d’Jugendlech, déi beim Atelier dobäi waren, siwen Reewaasserkollektoren gebaut, mat deene vun elo u bei hinnen doheem am Gaart, oder um Balcon, Reewaasser ka gesammelt ginn.




© Anne-Marie Bis / ‘naturmusée’
Méi Informatiounen iwwert de Projet « Meng Quell Doheem », e Plang fir e Reewaasserkollektor selwer ze bauen an e Tutorial-Video, deen engem weist, wéi dat geet, fannt dir iwwert d’Linken hei.
© Anne-Marie Bis / ‘naturmusée’